#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage
Loading
/

HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema HIV ginn ass, wësse vill Persoune net, dass d Wësseschaft säit de 90er wäit komm ass. De Patrick lieft säit 2007 mat HIV, an erzielt eis seng Geschicht.

An der Rubrik erklärt d Kelly, wat Arousal Non Concordance ass.

Shownotes:
Infos iwwer PrEP zu Lëtzebuerg: prep.lu
Méi Wéi Sex test sech op HIV: Episod 72
STI Témoignage HPV: Episod 114
HIV Berodung vun der Croix Rouge

#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette
Loading
/

Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat ass mat Leit, déi sech réicht méi spéit am Liewe geout hunn? An dëser Episod schwätzt d*e Robin mamm Annette: si ass eng trans Fra, déi sech an hire 50er geout an hir Transitioun ugefaangen huet, a gëtt eis en Abléck an hir Erfarungen a Gefiller ëm d Thema Outing.

An der Rubrik erkläert den Elie, wat de Beruff vum Sexolog ausmëscht.

#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit
Loading
/

An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann:  Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d’Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen déi zwee, wisou esou een Outing bei den Elteren heiansdo guer net esou dramatesch ass, wéi een*t vläicht gemengt hat. An wat et mat dem Legolas (sengem Hënner) op sech huet, gitt dir natierlech och gewuer.

An der Rubrik geet et em den Ënnerscheed tëscht Ereegung, Loscht an Unzéiung.

#128: Méi wéi just eng Course – Drag zu Lëtzebuerg

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#128: Méi wéi just eng Course - Drag zu Lëtzebuerg
Loading
/

Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul’s Drag Race – eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag …
Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru Paul’s Drag Race d Drag Szen beaflosst huet, a wat den Term Drag amfong ëmfaasst. Als Lëtzeboier gëtt den Charlie och Abléck an déi lëtzeboiesch Drag Szen. Lauschter dës Episod fir e gudden Intro an d Thema Drag ze kreien!

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Grounden.

Shownotes:
CNN: The US has a rich drag history. Here’s why the art form will likely outlast attempts to restrict it.
BBC: The History of Drag and historical drag queens.
Vox: How Ru Paul’s Drag comments on trans women led to a Drag Race revolt – and a rare apology.

#127 – Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#127 - Pony, Vokuhila oder Brosse - Frisuren a wat se bedeiten
Loading
/

Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d’Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn de Joël a Kelly dann awer och der Fro no, wat Frisure mat Sex(appeal) ze dinn hunn.

An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert Homologie.

Shownotes zu der Rubrik
Eng Grafik, déi Homologie ganz gutt wéisst. 
Buch: Emily Nagoski „Come as you are“