#166 Däerf ech dech kussen? Konsensmodeller an hir Limitten
/
Share
Link
Embed
Konsens ass sexy, liest een*t op ville Plazen. Dat stëmmt, mä Konsens ass net ëmmer einfach. Sou ass den Ënnerscheed tëscht Nee heescht Nee a Jo heescht Jo vläicht op den éischte Bléck net immens grouss, mä d’Konsequenzuen dovunner si gewalteg. An dëser Episod schwätzen den Robin, d’Ella an den Elie iwwert verschidde Modeller, déi eent benotze kann, fir Konsens bei sexuellen Aktivitéite sécher ze stellen. Et geet net nëmmen dorëms, wat fir eng Philosophie déi verschidde Modeller hunn, mä och doriwwer, wat fir Nodeeler se kënnen hunn a wat een*t un hinne ka kritiséieren.
An an der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Autosexualitéit ass (Spoiler: et huet näischt mat Autoen ze dinn).
Note: Leider ass eis ee Feeler an der Rubrik ënnerlaf. Et huet een hallwen Dag an net just 6 Stonne gedauert, bis d’Petitioun no.3281 déi néideg 4.500 Ënnerschrëften zesummen hat.
#164: Fuck around and find out? – konstruktiv mat Regreten ëmgoen
/
Share
Link
Embed
Aus der Community huet eis eng Ufro erreecht, fir iwwer Regrets ze schwätzen: dat heescht, eng Erfarung dono ze beréien a sech ze wënschen, et hätt een*t dat net oder aanecht gemaach. De Joël, den Elie an d*e Robin schätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir eng Regrets si hunn, firwat si sech op déi Erfarungen agelooss a se dono bereit hunn (oder och net): Och diskutéiere si, wéi et hinnen dono gaangen ass a wéi si domadder ëmgaange sinn.
An der Rubrik erklärt den Elie d Pornotrends vum Joer 2024.
Wann s du en Thema hues, vun deem s du mengs, dass et interessant wier wa mir dat beschwätzen, da schreiw eis iwwer Instagram, Facebook oder eng Email op sex@ara.lu.
#163: Swipen, Matchen, Fécken? – Online Sex fannen
/
Share
Link
Embed
Sex fannen ass haut net méi schwéier, well et gi jo Appe dofir. Op Quickie oder Bezéiung – an der schéiner net méi esou neier Online-Welt gëtt et fir jiddereen*t eppes. Oder op d’mannst wierkt et esou. De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wisou déi Appe dacks esou ugeluecht sinn, datt et méi ëm d‘Swipe geet wéi ëm d‘Persounen op de Profiller. Si erziele vun Iwwerangebot, vun Déieren op Profilfotoen an schwätzen doriwwer, wéi een*t sech méiglechst sécher op esou Plattforme beweege kann.
An der Rubrik erklärt eis d‘Ella, wat et mam „Male Gaze“ op sech huet.
#162: Féck de System – Wéi de Kapitalismus eise Sex futti mécht
/
Share
Link
Embed
Féck de System – e Saz, deen een*t oft vu Lénken héiert. Mee firwat eigentlech? De Joël, d*e Robin an eis nei Stagiaire Ella diskutéieren an dëser Episod, a weifern de Kapitalismus en Afloss op eis Sexliewen, Bezéiungen, Identitéiten an Sexualitéiten huet. Si erklären, a weifern de Kapitalismus eis Sexualitéit a Produiten verwandelt oder mat Produiten ergänzt, a firwat Fraen ënnert dem Sozialismus anscheinend bessere Sex haten.
An der Rubrik erzielt den Elie davun, wéi een*t erkenne kann, ob Monogamie eppes wier een*t ass.
An der Episod erwähnt d*e Robin e Buch: D Buch heescht “Amerikas Gotteskrieger: Wie die Religiöse Rechte die Demokratie gefährdet” a gouf 2021 (net 2018) vun der däitscher Amerika Wëssenschaftlerin Annika Brockschmidt publizéiert.
Weider Quellen an Empfeelungen: “Sexual Hegemony: Statecraft, Sodomy, and Capital in the Rise of the World System” vum Christopher Chitty (2020) “Warum Frauen im Sozialismus besseren Sex haben – Und andere Argumente für ökonomische Unabhängigkeit” vum Kristen Ghodsee (2018) “The Dispossessed” vum Ursula K. Le Guin (1974)