Iwwert eis

Mir sinn de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper an schwätze all zwou Wochen iwwert een anert Thema, vu Kierperlechkeeten iwwer Bezéiungen zu Sexpraktiken. D’Episode bestinn aus engem Gespréich vun 30 bis 45 Minutten, wou mir eegen Erfarunge mat enger gesellschaftlecher Analys verbannen. Ofgeronnt gëtt dat vun enger Rubrik vu 5 bis 10 Minutten, an där d’Basics vu sexueller an affektiver Bildung erkläert ginn.

Mir wëllen een nidderschwellegt Bildungsangebot schaffen, dat eng grouss Diversitéit un Theme ronderëm Sex, Kierper a Gefiller u Jonker an Erwuessener vermëttelt. Dofir benotze mir ee multiperspektiveschen Usaz, dee sech aus eisen Erfarungen (an deene vun eise Gäscht) speist an eng wëssenschaftsbaséiert Approche huet. Doduerch soll een oppenen an éierlechen Discours iwwer Sexualitéit zu Lëtzebuerg entstoen. Mir versti sexuell an affektiv Bildung als ee liewenslaange Prozess.

Dir kënnt eis op Instagram an Facebook followen. An hei fannt dir Informatiounen iwwert d’Teams vu Staffel 1, Staffel 2, Staffel 3, Staffel 4 an Staffel 5-8