Team Staffel 2

D’Team vun der zweeter Staffel: (v.l.n.r.) Kelly, Mateiu, Elie, Anne, Joël, Mirka

Kelly

Wann et ëm Gefiller, Genitalien, Grenzen oder Geschlechterrolle geet, ass et scho komplizéiert genuch – och wann een net ëm de Bräi schwätzt. Ech war laang frustréiert, datt kee sou wierklech iwwer Sexualitéit an alles wat dozou gehéiert (dozou gehéiere kéint oder och net dozou gehéiere muss) schwätzt. An datt et sou wéineg Plaze gëtt, wou ee léiert, wéi dat alles geet, soudass ech ëmmer iwwer all méiglech Internetsäiten, Youtube Channels a Bicher hu missen Informatioune mühsam zesummesichen. Dowéinst maachen ech och dëse Podcast – an dat am léifsten entspaant, villfälteg a sou, dass all Mënsch matschwätze kann.

Joël

Vill Facettë vu menger eegener Sexualitéit hunn ech eréischt relativ spéit entdeckt, an dat bedaueren ech. Dat – an datt et bis Ufank 30 gedauert huet, bis ech „Sex“ konnt soen, ouni rout am Gesiicht ze gi – sinn nëmmen e puer vun deene Grënn, déi mech motivéieren, mat “Méi wéi Sex” eng aner Gespréichskultur iwwer Sexualitéit, Kierper a Gefiller ze etabléieren. Ech kämpfe gäre fir eng méi gerecht Welt, an där Mënsche mat all Kierper, Geschlecht a Sexualitéit sech fräi ausliewe kënne – dat net nëmmen am Podcast, mä och a mengem Beruff als Journalist. Ah jo, an ech hu faarweg Hoer, wat fir ee Podcast jo immens wichteg ze wëssen ass.

Anne

Et ass effektiv esou, dass et dacks, wann ee mat mir schwätzt, et spéitstens no 10 Minutten em Sex geet. Am Gespréich versteet sech. Dat huet manner domat ze dinn, dass ech grad déi tëschemënschlech Tätegkeet a ville Fäll fir duerchaus erstriewenswäert a gesondheetsfuerdend halen, mee méi domat, dass ech d’Aart a Weis, wéi Mënschen doriwwer schwätzen als e wichtegen, gesellschaftleche Bolsmieser gesinn. Fir eraus ze fannen, op eis kollektiv multipel Orgasme bevir stinn oder vläicht awer e Kollaps, deen am Kapp, am Häerz an am ganze Kierper wéi deet. Dofir beschäftegen ech mech säit ville Joren um journalisteschen, wéi och um wëssenschaftlechem Niveau mam Thema.

Elie

Ech hunn Sex schonn ëmmer ee spannend Thema fonnt. Leider ass Sex, an alles mat Sexualitéit ze di wat huet, een Tabu Thema. Dat well ech änneren. Vir mech ass eng fräi an oppe Sexualitéit ee Grondrecht, a fannen ech et wichteg doriwwer ze schwätzen dofir, ouni een Blaat , oder ee Leckduch, virun de Mond ze huelen. Ech free mech mat menge Co-Produzenten, mee och mat dir, iwwer Kierperen, Gefiller, Bezéiungen a sexuelle Praxisen ze schwätzen, an d’Sexualitéit an all hire Facetten ze diskutéieren an ze hannerfroen. Hoffentlech hëlleft dëse Podcast der iwwer verschidden Aspekter nozedenken, villäicht verschidde Saachen auszeprobéieren, oder der déi richteg an déi wichteg Froen ze stellen.

Mateiu

Ech hunn schonn ëmmer gären iwwert Sex geschwat. Deemools an den 90er hate mir awer nëmmen den Dr. Sommer an dat war bei wäitem net genuch, wann een et elo vergläicht. Fir mech, dierfe beim “Méi wéi Sex” mat ze produzéieren an eise Jonken an Alen zu Rot ze stoen a Leit ze inspiréiere méi fräi, bewosst a respektvoll ze ginn, ass eng Grouss Éier fir mech.

Mirka

Ween mech kennt, weess dass ech ee virwelzëge Mënsch sinn, an oft kee Blat virun de Mond huelen an dobäi gären Themen uschwätzen, hannerfroe wou anerer éischter schmunzelen, Rout ginn oder sech souguer schummen. Mat Leit iwwert Sex oder Sex-related Themen ze schwätzen huet och heiansdo dee selwechten Effet. Wisou eigentlech si mir net esou gewinnt iwwert eise Kierper an eis Sexualitéit fräi, oppen an ongenéiert, mat Humor a Freed schwätzen ze kennen? Dowéinst war ech begeeschtert wéi déi éischt Staffel „Méi wéi Sex“ erauskomm ass, an ech sinn em sou méi frou elo bei der 2.Staffel mat dobäi ze sinn. Meng Stëmm wäert zwar net esou oft ze héiere sinn, mee ech wäert am Hannergrond dofir suergen dass de Podcast ënnert d’Leit kennt :ee Kommunikatiouns-Kanal fir en oppenen an humorvollen Austausch iwwert Sex an allem wat dozou gehéiert. Et soll awer och en facettëräichen Zesummesinn ënnert eis Mënschen erlabe fir Tabu’en a Viruerteeler ze hannerfroen an ze briechen.


Den Sexpodcast ass ee Projet vum Radio ARA an Zesummenaarbecht mam CESAS.

Den Radio ARA an d’Jugendsendungen “Graffiti” emfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.

Träger vun dësem Projet ass de CESAS, den Centre national de Référence pour la Promotion de la Santé affective et sexuelle.