Team Staffel 3

Op der Foto gesitt der (v.l.n.r) den Elie, den Joël an d’ Kelly. D’Gaardenzwergin am Virdergrond ass d’Anne.

Kelly

Wann et ëm Gefiller, Genitalien, Grenzen oder Geschlechterrolle geet, ass et scho komplizéiert genuch – och wann een net ëm de Bräi schwätzt. Ech war laang frustréiert, datt kee sou wierklech iwwer Sexualitéit an alles wat dozou gehéiert (dozou gehéiere kéint oder och net dozou gehéiere muss) schwätzt. An datt et sou wéineg Plaze gëtt, wou ee léiert, wéi dat alles geet, soudass ech ëmmer iwwer all méiglech Internetsäiten, Youtube Channels a Bicher hu missen Informatioune mühsam zesummesichen. Dowéinst maachen ech och dëse Podcast – an dat am léifsten entspaant, villfälteg a sou, dass all Mënsch matschwätze kann.

Joël

Vill Facettë vu menger eegener Sexualitéit hunn ech eréischt relativ spéit entdeckt, an dat bedaueren ech. Dat – an datt et bis Ufank 30 gedauert huet, bis ech „Sex“ konnt soen, ouni rout am Gesiicht ze gi – sinn nëmmen e puer vun deene Grënn, déi mech motivéieren, mat “Méi wéi Sex” eng aner Gespréichskultur iwwer Sexualitéit, Kierper a Gefiller ze etabléieren. Ech kämpfe gäre fir eng méi gerecht Welt, an där Mënsche mat all Kierper, Geschlecht a Sexualitéit sech fräi ausliewe kënne – dat net nëmmen am Podcast, mä och a mengem Beruff als Journalist. Ah jo, an ech hu faarweg Hoer, wat fir ee Podcast jo immens wichteg ze wëssen ass.

Anne

Et ass effektiv esou, dass et dacks, wann ee mat mir schwätzt, et spéitstens no 10 Minutten em Sex geet. Am Gespréich versteet sech. Dat huet manner domat ze dinn, dass ech grad déi tëschemënschlech Tätegkeet a ville Fäll fir duerchaus erstriewenswäert a gesondheetsfuerdend halen, mee méi domat, dass ech d’Aart a Weis, wéi Mënschen doriwwer schwätzen als e wichtegen, gesellschaftleche Bolsmieser gesinn. Fir eraus ze fannen, op eis kollektiv multipel Orgasme bevir stinn oder vläicht awer e Kollaps, deen am Kapp, am Häerz an am ganze Kierper wéi deet. Dofir beschäftegen ech mech säit ville Joren um journalisteschen, wéi och um wëssenschaftlechem Niveau mam Thema.

Elie

Ech hunn Sex schonn ëmmer ee spannend Thema fonnt. Leider ass Sex, an alles mat Sexualitéit ze di wat huet, een Tabu Thema. Dat well ech änneren. Vir mech ass eng fräi an oppe Sexualitéit ee Grondrecht, a fannen ech et wichteg doriwwer ze schwätzen dofir, ouni een Blaat , oder ee Leckduch, virun de Mond ze huelen. Ech free mech mat menge Co-Produzenten, mee och mat dir, iwwer Kierperen, Gefiller, Bezéiungen a sexuelle Praxisen ze schwätzen, an d’Sexualitéit an all hire Facetten ze diskutéieren an ze hannerfroen. Hoffentlech hëlleft dëse Podcast der iwwer verschidden Aspekter nozedenken, villäicht verschidde Saachen auszeprobéieren, oder der déi richteg an déi wichteg Froen ze stellen.