#199 Op sech eleng gestallt – Sexualitéit virun der éischte Kéier

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#199 Op sech eleng gestallt – Sexualitéit virun der éischte Kéier
Loading
/

Schonn iert mir déi éischte Kéier mat enger anerer Persoun Sex hunn, hu mir eng Sexualitéit. D*e Robin an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi déi Zäit fir si ausgesinn huet: Dat bedeit engersäits Masturbatiounstipps aus der Bravo, Pornoen an Hentaien mat Kolleg*innen kucken an erotesche Begéinunge mat Uebst a Geméis, mä anerersäits awer och eng Zäit vun Allengsinn a Verlaangeren, déi net ëmmer einfach ass. A wann déi eng drënner gelidden hunn, laang missen ze waarden, wënschen sech anerer vläicht, si hätten sech méi Zäit geholl. Dobäi kënnt, datt et guer net esou einfach aus erauszefannen, wéini mir prett si fir déi éischte Kéier.

#198: Voll dobäi oder voll dernieft? – Sex a (keen) Alkohol

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#198: Voll dobäi oder voll dernieft? – Sex a (keen) Alkohol
Loading
/

Egal ob een*t selwer drénkt oder net, Alkohol ass e feste Bestanddeel vun eiser Feier- a Rausgokultur. Den Afloss vun dësem Rauschmëttel op eis sozial Dynamiken ass dobäi net ze ënnerschätzen. An der Episod erzielen den Elie, d’Ella a Robin iwwer hire Erfahrungen mat Alkohol – souwuel mat drénken wéi och mat niichter sinn. Si ginn drop an, wéi Alkohol eis Sexualitéit verännere kann, an wourop een*t beim Mix vun Alkohol a Sex oppasse sollt.

D’Rubrik ass net wéi gewinnt um Enn, mee kënnt d’nächst Woch 🙂

Studie zu Alkohol a Konsens

d’Pëll an Alkohol

Ask for Angela – Secherheet beim Rausgoen

#197: Vu Myspace zu Tiktok – Éischt Social Media Notzungen

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#197: Vu Myspace zu Tiktok – Éischt Social Media Notzungen
Loading
/

Ob een*t lo mat myspace oder Tiktok grouss ginn ass, den Internet bleift den Internet – a Social Media e grousse Bestanddeel vum Liewe vu ville Leit. De Joël an den Elie diskutéieren an dëser Episod, wéi sech sozial Medien an hire Liefzäite verännert hunn, a wéi eng Risiken an Avantagen déi selwecht bliwwe sinn. A natierlech gi si och op déi géigewäerteg Diskussiounen zum potentielle Social Media Verbuet vu Jonker an.

Resourcen:

Dem Joël seng Recherche iwwer Social Media fir d’Woxx

Opklärung iwwer Scams

BeeSecure fir Hëllef an Opklärung

D’Rubrik ass net wéi gewinnt um Enn, mee kënnt d’nächst Woch 🙂