Team Staffel 1

Anne

Wien lauschtert net gäre Podcasts? (Zimlech vill Leit, okay, okay…) Ech fannen et jiddefalls cool. Mir war et wichteg, zu Lëtzebuerg bei engem Projet kënne matzemaachen, wou iwwer Theme geschwat gëtt, déi oft als Tabu ugesi ginn. Wann ech virun e puer Joer e Podcast gehat hätt, wou gesot gëtt, datt et ok ass, als Fra Hoer um Kierper ze hunn oder ze schweessen, dann hätt ech mech e gutt Stéck manner eleng gefillt. Ech hoffen, datt dat hei anere Leit hëlleft. An datt et de Fait, datt de Biosproff beim Erkläre vu Sexualitéit rout gëtt, manner tragesch mëscht.

Tessie

Wéi ech virun e puer Joer op de Youtube-Chanel vum Laci Green opmierksam gi sinn, konnt ech mech net méi vu Begeeschterung halen. Nach ni hat ech eng jonk Persoun gesinn sou oppen iwwer Theme ronderëm Sex, Bezéiungen a Kierpere schwätzen. D’Video waren ënnerhalsam, mee awer och informativ. „Méi wéi Sex“ gëtt mer d’Geleeënheet, elo selwer zu engem méi oppenen an humorvollen Ëmgang mat Sex bäizedroen. Dat ass a mengen Aen net just wichteg, fir mat schiedleche Viruerteeler opzeraumen, mee och fir e besseren Ëmgang vun de Leit mateneen ze fërderen.

Kelly

Wann et ëm Gefiller, Genitalien, Grenzen oder Geschlechterrolle geet, ass et scho komplizéiert genuch – och wann een net ëm de Bräi schwätzt. Ech war laang frustréiert, datt kee sou wierklech iwwer Sexualitéit an alles wat dozou gehéiert (dozou gehéiere kéint oder och net dozou gehéiere muss) schwätzt. An datt et sou wéineg Plaze gëtt, wou ee léiert, wéi dat alles geet, soudass ech ëmmer iwwer all méiglech Internetsäiten, YoutubeChannels a Bicher hu missen Informatioune mühsam zesummesichen. Dowéinst maachen ech och dëse Podcast – an dat am léifsten entspaant, villfälteg a sou, dass all Mënsch matschwätze kann.
Den Sexpodcast ass ee Projet vum Radio ARA an Zesummenaarbecht mam CESAS. Den Radio ARA an d’Jugendsendungen “Graffiti” emfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream. Träger vun dësem Projet ass de CESAS, den Centre national de Référence pour la Promotion de la Santé affective et sexuelle. Finanzéiert gëtt dëse Projet vun der Oeuvre.