Team Staffel 4

Op der Illustratioun gesitt der (v.l.n.r) d’Kelly, den Joël d*e Robin, d’Michèle an den Elie.

Kelly

Wann et ëm Gefiller, Genitalien, Grenzen oder Geschlechterrolle geet, ass et scho komplizéiert genuch – och wann een net ëm de Bräi schwätzt. Ech war laang frustréiert, datt kee sou wierklech iwwer Sexualitéit an alles wat dozou gehéiert (dozou gehéiere kéint oder och net dozou gehéiere muss) schwätzt. Dat et keen Austausch gëtt. An datt et sou wéineg Plaze ginn, wou ee gesammelt qualitativ a feministesch Informatiounen fënnt – soudass en sech net ëmmer muss mühsam iwwer all méiglech Internetsäiten, Youtube Channels a Bicher eppes zesummesichen. Dowéinst maachen ech dëse Podcast – an och no 4 Joer hunn mer nach immens vill Themen iwwert déi mer gären nodenken a schwätzen. Dat fannen ech dat schéint u sexueller an emotionaler Bildung: se ëmfaasst esou vill ënnerschiddlech Aspekter an se ass ni ganz fäerdeg.

Joël

Vill Facettë vu menger eegener Sexualitéit hunn ech eréischt relativ spéit entdeckt, an dat bedaueren ech. Dat – an datt et bis Ufank 30 gedauert huet, bis ech „Sex“ konnt soen, ouni rout am Gesiicht ze gi – sinn nëmmen e puer vun deene Grënn, déi mech motivéieren, mat “Méi wéi Sex” eng aner Gespréichskultur iwwer Sexualitéit, Kierper a Gefiller ze etabléieren. Ech kämpfe gäre fir eng méi gerecht Welt, an där Mënsche mat all Kierper, Geschlecht a Sexualitéit sech fräi ausliewe kënne – dat net nëmmen am Podcast, mä och a mengem Beruff als Journalist. An nee, meng Hoer sinn grad net faarweg, mä eis Sendung gëtt souwisou just schwaarz-wäiss ausgestraalt, et wäert Iech also net opfalen.

Robin

Als jonken, queere Mënsch hunn ech mech laang mat Sexualitéit net wuel gefillt. Dat, wat ech an der Schoul erzielt krut, huet ni op mech a meng Liewensrealitéit gepasst, a sou huet et och laang gedauert, bis ech meng éischt queer Erfarunge mat Sexualitéit hat. Fir vill jonk Mënschen ass Sexualitéit e penibelt Thema, wat mat vill Onsécherheet associéiert ass. Ech well dozou bäidroen, dass jonk Mënschen sech informéiere kënnen a sech trauen, méi oppen iwwer hir Virléiften, Gefiller an Ängscht ze schwätzen.

Michèle

Mëcht d’Graphiken vun der Staffel 1 bis 4.

Elie

Ech hunn Sex schonn ëmmer ee spannend Thema fonnt. Leider ass Sex, an alles mat Sexualitéit ze di wat huet, een Tabu Thema. Dat well ech änneren. Vir mech ass eng fräi an oppe Sexualitéit ee Grondrecht, a fannen ech et wichteg doriwwer ze schwätzen dofir, ouni een Blaat , oder ee Leckduch, virun de Mond ze huelen. Ech free mech mat menge Co-Produzenten, mee och mat dir, iwwer Kierperen, Gefiller, Bezéiungen a sexuelle Praxisen ze schwätzen, an d’Sexualitéit an all hire Facetten ze diskutéieren an ze hannerfroen. Hoffentlech hëlleft dëse Podcast der iwwer verschidden Aspekter nozedenken, villäicht verschidde Saachen auszeprobéieren, oder der déi richteg an déi wichteg Froen ze stellen.