#065 E schéint Nospill – Réckbléck op déi zweet Staffel

#065 E schéint Nospill – Réckbléck op déi zweet Staffel
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 00:40:56
 
1X
 

Mir sinn um Enn vun der zweeter Staffel ukomm an zéie Bilan. Hu mir iwwer méi wéi Sex geschwat? Nieft ärem Feedback schwätze mir doriwwer, wat eis schéinsten a witzegst wéi och schwieregst Momenter waren, wat gefeelt huet a wat fir Themen op iech an der drëtter Staffel duerchkommen.

Wat ass ee Summerfling? An der leschter Rubrik virun der Summerpaus erkläert den Elie wéi een eng schéin Zäit zu 2 verbrénge kann, a wei een sech am beschten uleet vir ee Summer Fling ze fannen. Stay hydrated, kids.

Méi wéi ee season final

Méi wéi een Eddi a Merci


#064 Tattooen

#064 Tattooen
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 00:42:41
 
1X
 

Firwat huet een Tattooen? Veränneren Tätowéierungen d’Perceptioun vun engem selwer oder wéi een aner Persoune gesäit? An wéi ass et mat der (frëndschaftlecher, romantescher an/oder sexueller) Unzéiung zu Léit wann se (keng) Tattooen hunn? Doriwwer (an nach méi) plauderen d’Kelly an d’Lynn.

An der Rubrik äntwert d’Kelly op eng weider Fro vun Noolauschter*innen:
#followersedition N°4 : “Ass dat normal … keen Orgasmus kennen ze hunn?”

#063 Méi wéi Sex an Zäite vu Corona

#063 Méi wéi Sex an Zäite vu Corona
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 00:43:07
 
1X
 

Wat mëcht Covid mat Bezéiungen, Intimitéit a Sexualitéit? Wéi ass Dating wärend enger globaler Pandemie? D’Kelly an d’Anne ziele vun hiren Erfarungen a schwätzen iwwer Masturbatioun, mental health an nach vill méi.
An der Rubrik äntwert den Eile op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°3 – Erektiounsproblemer. Et gi verschidde Grënn, firwat ee keng Erektioun hale kann. E puer Froen déi een sech stelle soll sinn: Kann ech eng Erektioun halen, wann ech eleng masturbéieren? Geschitt mer dëst nëmme mat enger Partnerin oder engem Partner? War dat schonn ëmmer sou, oder ass et eppes Neies?


QUELLEN:
Studie Nr. 1: Intimität und soziale Beziehungen in der Zeit physischer Distanzierung

Studie Nr. 2: Eine Übersicht medialer Narrative im Frühjahr 2020 – Wie verändert die COVID-19-Pandemie unsere Sexualitäten?


Lauschter zu dësem Thema och an folgend Rubrik eran:

How to: Gesond bleiwen an Zäite vun der Quarantaine

 


#062 Net iessen, wat op den Dësch kënnt – Iessstéierung(en)

#062 Net iessen, wat op den Dësch kënnt – Iessstéierung(en)
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 00:47:54
 
1X
 

Hunn Iessstéierungen ëmmer eppes mam Ausgesinn ze dinn? Gëtt et sou eppes wéi “rëm Iessen léieren”? A wéi nennt een Leit, déi hir Krankheet iwwerlieft an de Wee zréck zu engem agreabelen Ëmgang mat Liewensmëttel fonnt hunn? All dëst diskutéieren d´Anne an d´Nora an dëser Folleg.

Links:

– Eating recovery center: https://www.eatingrecoverycenter.com/myrecoveryletter?fbclid=IwAR0lOYeOQaaVIYdBFvzQR1GvMpr1mZz-snKlQ9zmtnOOIa0a1IlxWt5AgRo

– Terapienetz – Essstörung: https://www.facebook.com/TherapienetzEssstoerung

– Waage e.V. – Das Fachzentrum für Essstörungen in HH : https://www.waage-hh.de/?fbclid=IwAR2P5ytD1maAKpyKVSCie_f3xNJvK8tiNVseuSqWyFbAPYrFC79bFhjD2hs

#061 Fernbezéihung

#061 Fernbezéihung
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 

00:00 / 00:32:33
 

1X

 

Wann een*t wäit fort vun där Persoun wunnt, déi een*t gären huet, kann dat zimmlech ustrengend sinn. D‘Anne an de Joël schwätzen iwwert Fernbezéiungen um aneren Enn vum Planéit an zu Lëtzebuerg, iwwert Sex op Distanz, Kommunikatioun an temporär gemeinsam Welten. Wat dat ganzt mam Klimawandel ze dinn huet, gitt dir och gewuer.

An der Rubrik dës kéier: Eng gutt Fro – Wat ass de Sex Drive? Männer wëllen ëmmer a Fraen hunn ni Loscht? Wat dreift eis, a wat bremst eis? Wat dréit alles zu eisem sexuelle Verlaange bäi, a wat beaflosst et?