#173: Summer Book Club: Judith Butler – Who's Afraid of Gender
/
Share
Link
Embed
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Ella, dat eis Who’s Afraid of Gender vum Judith Butler virstellt. Et geet em sougenannten anti-gender Beweegungen, déi aktuell iwwerall op der Welt wuessen. Si attackéieren d’Rechter d’Fräiheeten, an d’Liewensweise vu Fraen, queeren an trans Mënschen an d*e Judith Butler erkläert eis wéi mir eis géint se wiere kënnen.
#172: Summer Book Club: Ocean Vuong – On Earth We're Briefly Gorgeous
/
Share
Link
Embed
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Elie, deen eis dem Ocean Vuong sain Roman On Earth We’re Briefly Gorgeous virstellt. Et geet ëm dem Schrëftsteller seng eege Geschicht, an deelweis d’Familljegeschicht als Aart vu fiktiver Autobiografie. Et geet em Krichststrauma, Familljendrama, Identitéit, Schicksal, a Kultur.
#170: Summer Book Club: Gretchen Felker-Martin – Manhunt
/
Share
Link
Embed
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Joël, deen eis dem Gretchen Felker-Martin hire Roman Manhunt virstellt. Et geet ëm d’Iwwerliewen no der Gender-Apokalyps, wou all Mënschen mat engem gewëssen Testosteronspiggel zu Zombies goufen.
Wéi leeft amfong eng Broschtverklengerung of? Firwat wéilt een*t déi Operatioun? A wat huet Genderidentitéit domat ze dinn? An dëser Episod schwätzen Robin a Lynn iwwer dem Lynn seng Broschtverklengerung a seng Erfarungen mat dem Prozess.
#168: Eng oder Dausend Nuechten? – One Night Stands
/
Share
Link
Embed
Wat ass amfong e One Night Stand? An ass et nach ee One Night Stand, wann een*t dono onerwaart rëm Sex mat däer Persoun huet? An dëser Episod diskutéieren de Joël, den Elie an d*e Robin dës Froen an erzielen vun hiren Erfarungen mat One Night Stands. Och schwätzen si driwwer, op e One Night Stand wierklech an enger Bezéiung ende kann an ob een*t dono nach befrëndt ka sinn.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Koppeltherapie.
Shownotes: Iwwer d’Studie mat de Sexaarbechterinnen: Segal, L. (2001) The Belly of the Beast: Sex as Male Domination? In S.M. Whitehead & F.J. Barrett (Eds.) The Masculinities Reader (pp. 100-111). Polity Press. Eis Episod zum Thema “Friemgoen”