Aktualitéit: Wéi steet et em d’sexuell an affektiv Gesondheet vu Lëtzebuerg
/
Share
Link
Embed
Déi éischt Ëmfro iwwert sexuell an affektiv Gesondheet zu Lëtzebuerg gëtt eis endlech Zuelen zu wichtegen Theme wéi Queerness, Verhütung, sexuell Bildung, sexualiséiert Gewalt, a nach vill méi. 2.371 Persounen iwwer 18 Joer goufe befrot. D’Studie soll et erméiglechen, d’Problemer a Bedierfnisser an dësem Beräich besser ze verstoen a nei Interventiounen ze entwéckelen déi un d’Realitéit um Terrain ugepasst sinn. Du wëlls méi doriwwer wëssen, wéi et em d’sexuell an affektiv Gesondheet vu Lëtzebuerg steet? Da lauschter eran an d’Rubrik vun dëser Woch.
#199 Op sech eleng gestallt – Sexualitéit virun der éischte Kéier
/
Share
Link
Embed
Schonn iert mir déi éischte Kéier mat enger anerer Persoun Sex hunn, hu mir eng Sexualitéit. D*e Robin an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi déi Zäit fir si ausgesinn huet: Dat bedeit engersäits Masturbatiounstipps aus der Bravo, Pornoen an Hentaien mat Kolleg*innen kucken an erotesche Begéinunge mat Uebst a Geméis, mä anerersäits awer och eng Zäit vun Allengsinn a Verlaangeren, déi net ëmmer einfach ass. A wann déi eng drënner gelidden hunn, laang missen ze waarden, wënschen sech anerer vläicht, si hätten sech méi Zäit geholl. Dobäi kënnt, datt et guer net esou einfach aus erauszefannen, wéini mir prett si fir déi éischte Kéier.
#198: Voll dobäi oder voll dernieft? – Sex a (keen) Alkohol
/
Share
Link
Embed
Egal ob een*t selwer drénkt oder net, Alkohol ass e feste Bestanddeel vun eiser Feier- a Rausgokultur. Den Afloss vun dësem Rauschmëttel op eis sozial Dynamiken ass dobäi net ze ënnerschätzen. An der Episod erzielen den Elie, d’Ella a Robin iwwer hire Erfahrungen mat Alkohol – souwuel mat drénken wéi och mat niichter sinn. Si ginn drop an, wéi Alkohol eis Sexualitéit verännere kann, an wourop een*t beim Mix vun Alkohol a Sex oppasse sollt.
D’Rubrik ass net wéi gewinnt um Enn, mee kënnt d’nächst Woch 🙂
Come Together (Kapitel 4): Dain Emotional Floorplan notzen
/
Share
Link
Embed
An der läschter Rubrik (Kapitel 3 vum “Come Together”) huet Kelly iwwert den Emotional Floorplan geschwat: däin emotionale Grondrëss, deen aus 9 verschiddenen Raim besteet. An dëser Rubrik geet et drëm, wei den Emotional Floorplan dir (an denger Bezéiungspersoun) kann dobai hëllefen erausfanne, wéi’s du/dir méi oft an déi Raim kenns/kommt, wou Loscht a Pleséier stattfënnt!