An dëser Folleg erwaard iech en Dialog iwwer Orgasmus (en Thema iwwer dat et nach souvill méi ze soe gëtt!) an en „How To“ vum Kelly doriwwer, wéi ee während dem Sex matenee schwätze kann.
Fir méi Infoen zum Thema multipel Orgasmen bei Persoune mat engem Penis, kuckt iech dëse Video vun der Youtuberin a Sexualpädagogin Laci Green un. Och zum Thema Orgasmus bei Persoune mat enger Vagina huet d’Laci Green e ganz interessante Video gemaach.
D’Kelly huet sech mat eisem Gaascht dem Momo iwwer Erreegung an erogen Zonen ënnerhalen. An der Rubrik raumt d’Tessie mat zwee Viruerteeler ronderëm d’Kavanaugh-Affär op.
Mir wëssen all wat Sex ass, oder? An der zweeter Folleg schwätzen d’Anne an d’Tessie driwwer. Duerno an der Rubrik “Ass dat normal?” geet et ënnert anerem em Fetisch a BDSM.
D’Window of Tolerance ass e Konzept, wat mäer als Méi Wéi Sex Team an eisen Episoden ëmmer mol rëm opbrengen. Mee wat ass déi Toleranzfënster amfong? Robin erklärt d’Konzept an dëser Rubrik.