#047 Let’s talk about HIV

#047 Let’s talk about HIV
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 30:02
 
1X
 

Den 1. Dezember ass Welt-AIDS-Dag. De Joël schwätzt dofir an dëser Episod mat sengem Gaascht Kim vun der HIV-Berodung iwwert den HI-Virus an d‘AIDS-Erkrankung. Wéi eng Methode ginn et, fir sech ze schützen, a wat huet mat deenen néien Traitementer wéi PEP a PrEP op sech? Si schwätzen awer och doriwwer, wéi et ass, wann een sech teste léisst a wéi d‘HIV-Berodung den HIV-Test aus dem Supermarché gesäit. Donieft ass d‘Homofeindlechkeet, déi nach ëmmer mam Thema HIV verbonnen ass, genee esou een Thema.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert d’US-Amerikanesch Komikserie Big Mouth, déi säit 2017 op Netflix leeft a wou grad déi 3. Staffel erauskomm ass. Et geet an den insgesamt 31 Episoden em de Chaos deen ee “Pubertéit” a sexuell Entwécklung nennt. Mir soen: 9 vun 10 Punkten – absolut kuckenswäert.
Hei nach puer Infos:
– Leckduch aus engem Kondom bastelen:
http://www.queerpgh.com/sex-ed-101-dental-dams/
– Wou a wéi kann ech mech zu Lëtzebuerg teste lossen? : dimps.lu
– Geschicht vun der queerer Community an Zesummenhang mat AIDS: https://www.nbcnews.com/feature/nbc-out/lgbtq-history-month-early-days-america-s-aids-crisis-n919701