#060 Sex, Drogen an e bësse Rock´n´Roll

#060 Sex, Drogen an e bësse Rock´n´Roll
Méi wéi Sex – Staffel 2

 
 
00:00 / 00:39:45
 
1X
 

Festivals kënne mat Musek lauschteren, vill Kultur an Danze bis een emfällt ze dinn hunn. Mee net seele gehéiert dozou och Knuutschen, Schmusen a vläicht souguer Sex. Deen een oder dat anert ass dobäi net méi ganz niichter. Fir dass dat net schif geet, ass et immens wichteg, informéiert ze sinn. An der neier Folleg preparéieren d´Anne an de Carlos vu Pipapo sech am Kapp op e Festival fir d´nächst Joer. Dat wat si soen, gëllt awer genee sou, wann een doheem mat enger oder méi Persoune wëll intim ginn a Substanzen am Spill sinn. Am Podcast schwätzen si iwwer allgemeng Reegelen. Um Site Pipapo.lu fannt dir awer och Informatiounen zu all eenzeler Drog, hirer Wierkung an de Risiken, déi si mat sech brénge kann. An dëser Episod gëtt d´Thema Chemsex (Sex op syntheteschen Drogen) net traitéiert. Mir recommandéieren awer d´Folleg zum Thema vum däitschsproochege Podcast Stadt-Land-Schwul. D´Podcaster schwätzen do souwuel mat engem Dokter souwéi och mat enger Mataarbechterin vum Drugcheck Zürich.
An der Rubrik huet d’Kelly op Froen vun Noolauschter_innen geänfert – zu den Themen:
– mat Jugendlecher iwwer Sex Schwätzen,
– Pornokonsum
– an sexuell Orientéierungen.
Wann dir och Froen hutt wat mir an enger Rubrik kenne beäntwerten, schreift eis är Iddien eran.

Links: