#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?
Loading
/

Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engemenger Partnerin, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung kënnt, wat se mat eis mécht a wat fir ee Bléck op Bezéiungen an Léift vläicht méi produktiv ass. Et geet ëm Rolltrapen, Gewässer, déi grouss gesellschaftlech Strukturen a perséinlech spirituell Froen. An an der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Kreativitéit beim Masturbéieren.
Shownotes:
-„All about love“ vum bell hooks
-„Zu Lieben. Lieben als politisches Handeln / Kapitalismus entlieben“ vum Lann Hornscheidt
Episod 57: Ech wëll eppes vun dir – mä wat?
Episod 110: Dump them? Wéini trennen ech mech (net)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *