#99 Vu Pandabieren an Skin Hunger – Beréierungen a professionellt Kuschelen

#99 Vu Pandabieren an Skin Hunger – Beréierungen a professionellt Kuschelen
Méi wéi Sex – Staffel 4

 
 
00:00 / 39:21
 
1X
 

Beréierungen am Alldag si wichteg. Dat hunn déi meescht vun eis spéitstens am éischte Lockdown geléiert, wou ob de Phänomen vum “Skin Hunger” fir vill vun eis spierbar ginn ass. Mä net nëmme Beréierungen, och Kuschelen, Kraulen oder Heemele si wichteg fir eist Wuelbefannen. An dëser Episod schwätzt de Joël mam Elisa doriwwer. D’Elisa kuschelt net nëmme gären, hat ass och professionell Kuschlerin. Nieft der Fro, wat Pandabieren a Bonoboe mat Kuschelen ze dinn hunn, erkläert d’Elisa eis och, wéi hat zu dësem aussergewéinleche Beruff komm ass. Een éischten Abléck an de Workshop, deen hat am Kader vun eisem End of Season-Event gëtt, kréie mir och schonn. An an der Rubrik kläert d’Kelly eis iwwer thermesch Verhütung op.

Mëllt Iech un fir eisen End of Season-Event de 25. Juni 2022 zu Esch! Ënnert dësem Link fannt dir all d’Informatiounen. Maacht Iech bäi, d’Plaze si begrenzt!

Shownotes
D’Websäit vun der Kuschelkiste
D’Kuschelkiste op Facebook
D’Elisa op Facebook

One Reply to “#99 Vu Pandabieren an Skin Hunger – Beréierungen a professionellt Kuschelen”

  1. Daat waat dier zwee beschreiwt (de Mangel u Kierpernähe) hunn ech säit Kandheet. Säitdeem sehnen ech mech duerno. A mengem Fall (sinn ech e Mann) a sehne mech no engem Mann. Daat fillt sech sëcher un. Leider kruut ech vill ze wéineg Zouwendung a menger Famill a leiden heftegst drënner. Säit menger Kandheet fillen ech déif Trauer.
    (Therapie hunn ech, mee daat geet nëtt duer.)
    Iergendwann als Jugendlëchen hunn ech mech isoléiert, well ech ëmmer rëm verletzt gi sinn.
    Ech sinn um verzweifelen a spiere wéi dringend Hautkontakt (ideal plaakesch) fier mech ass. Ech wees awer nëtt wou ech daat fanne kann. Ech sehne mech zudem no Verletzlëchkeet an Echtheet. Heescht, dass Mënschen sech trauen ze soen, dass ett hinne nëtt gutt geet, dass se zum Beispill traureg sinn. Leider fannen ech daat néierens. Ech si selwer zudem extrem schei an hunn Angscht rëm ofgelehnt a verletzt ze ginn.
    Ech wëll daat einfach mattdeelen an hoffen, dass een daat liest an dass iergendwéi Kontakt entstoe kann.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *