#181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech
Loading
/

Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et  vill Schummt an Tabue ronderëm d’Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d’Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d’Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter Kéier, wou si hier Vulva am Spigel gesinn hunn, iwwert komesche Bezeechnungen an der Kandheet an iwwert Menstruatioun. Natierlech geet et awer och dorëms, wéi Masturbatioun a Sex sech op hir Bezéiung zu hirer Vulva ausgewierkt hunn.
Opgepasst: An dëser Episod gëtt iwwer Erfarunge mat sexueller Gewalt an Trauma geschwat. Wann dës Themen dech belaaschten, iwwerlee dir, ob s du déi Episod vläicht mat enger Persoun zesumme lauschtere wëlls, dir eng Zesummefaassung gi wëlls loossen oder se einfach ganz skipps.

An der Rubrik schwätzt d’Ella iwwert de nationalen Aktiounsplang (PAN) „LGBTIQ+“.

#180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten
Loading
/

Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser Episod.

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer AuDHD.

#179: Hype, Tropes an (keen) Draachesex — Romantasy (Spicy Books #1)

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#179: Hype, Tropes an (keen) Draachesex — Romantasy (Spicy Books #1)
Loading
/

Wat stëscht hannert dem aktuell esou populäre Buchgenre Romantasy? De Joël a Kelly schwätzen doriwwer wéi de Genre entstanen ass, wat e präägt a wat hier Erfarungen domat sinn. Si hunn nämlech de Selbsttest gemaach a „Fourth Wing“ gelies. Wéi hunn si d’Buch an seng Duerstellung vu romanteschen Bezéiungen an Sex fonnt? Lauschter eran a fann et eraus!

Spoiler Altert: „Fourth Wing“ (an ganz ebëssen „Iron Flame“) vum Rebecca Yarros.

#178: Bauchgefill vs Trauma? – Intuitioun

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#178: Bauchgefill vs Trauma? – Intuitioun
Loading
/

Eis Intuitioun ass den Detektiv vun eisem Kierper, a soll eis amfong sëcher halen andeems se eis eng éischt Aschätzung vu neie Situatiounen a Mënsche gëtt. Mee wéi wësse mäer amfong, wéi mäer eiser Intuitioun vertraue kënnen, grad wann mäer an eisem Liewen traumatesch Erfarunge gemaach hunn? Wéi wierken déi sech op eis Intuitioun aus? A kann een Trauma, posttraumatesch Belaaschtungen an Intuitioun wierklech auseneen halen? Den Elie, d’Ella an d*e Robin ginn an dëser Episod denen (a méi) Froë no an diskutéieren hir Erfarungen.

An der Rubrik fänkt Kelly eng nei Serie iwwer dem Emily Nagoski säi rezent Buch “Come Together” un a schwätzt iwwer den Intro an dat éischt Kapitel.

#177: Kënschtlech Gefiller a Biller – AI Chatbots an Deepfakes

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#177: Kënschtlech Gefiller a Biller – AI Chatbots an Deepfakes
Loading
/

Doduerch, datt Chatbots wéi „ChatGPT“ an anerer esou populär sinn, benotzen och ëmmer méi Mënschen se als Ersatz-Bezéiung. Verschiddener verléiwen sech esouguer an eng kënschtlech Intelligenz. Ausserdem ass et och méi einfach ginn, Biller ze generéieren, déi ausgesi wéi echt Leit, mä net vun hinne sinn, sougenannt Deepfakes. An dëser Episod schwätzen d’Ella an de Joël doriwwer, wéi si déi Trends bewäerten a wisou si net der Meenung sinn, datt et eng gutt Iddi ass, mat engem Chatbot ze flirten. Och d’Deepfakes an déi iwwergrëffeg Tendenzen, déi domadder verbonne sinn, huelen si auserneen.
An der Rubrik erklärt d’Ella eis, wat eng bakteriell Vaginos ass.