#153: Loscht, Spaass, Intimitéit – Wat sinn Grënn fir Sex?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#153: Loscht, Spaass, Intimitéit – Wat sinn Grënn fir Sex?
Loading
/

Déi meeschte Mënschen hu méi oder manner reegelméisseg Sex – mee firwat? Däer Fro ginn de Joël a Kelly an dëser Episod no, an diskutéieren dobäi iwwer verschidde Weeër fir (méi oder manner) geléifte Mënsche no ze sinn, iwwer Spaass an d Loscht, déi aus verschiddene Sourcen entstoe kann. Och schwätze si doriwwer, wéi a firwat “Sex hunn” als normal an obligatoresch an eiser Gesellschaft gëllt – e Phänomen, dat als “compulsory sexuality” bezeechent gëtt.

An der Rubrik verzielt Kelly, wéi een*t besser Orgasmen hu kann.

Wann Iech dës Episod gefall huet, deelt se mat aneren. Denkt och drun, eis op äre Podcastplattformen wéi Spotify oder Apple Podcasts ze followen an ze bewäerten. Dir kënnt eis och op Instagram, Tiktok, Facebook a Youtube followen.

Shownotes:
Episod #126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit
Episod #142: Keng Persoun, déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn
Buch vum Sherronda J. Brown (2022). Refusing Compulsory Sexuality – A Black Asexual Lens on Our Sex-Obsessed Culture. North Atlantic Books.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *