
/
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Ella, dat eis Who’s Afraid of Gender vum Judith Butler virstellt. Et geet em sougenannten anti-gender Beweegungen, déi aktuell iwwerall op der Welt wuessen. Si attackéieren d’Rechter d’Fräiheeten, an d’Liewensweise vu Fraen, queeren an trans Mënschen an d*e Judith Butler erkläert eis wéi mir eis géint se wiere kënnen.
Infos zum Buch
Judith Butler – Who’s Afraid of Gender, publizéiert vum Allen Lane (Penguin) Verlag