#176: Okee sinn an enger Welt, déi brennt – Gefiller zum Backlash

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#176: Okee sinn an enger Welt, déi brennt – Gefiller zum Backlash
Loading
/

Kricher, Klimakris a wuessende Rietsextremismus – et ass guer net esou flott op dëser Welt, zumols als queer Persoun. Wann een*t dann nach politesch aktiv ass, kann dat séier zu enger grousser Belaaschtung ginn, wann een*t d’Gefill huet, datt sech alles an déi ganz falsch Richtung entwéckelt. D’Ella an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir Gefiller si mat dem sougenannte Backlash verbannen a wat hir Strategië sinn, fir domadder ëmzegoen. Natierlech diskutéieren si och doriwwer, wat dat alles fir Auswierkungen op hiert Sexliewen huet.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert d’Spoon-Theory.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *