Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et vill Schummt an Tabue ronderëm d’Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d’Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d’Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter Kéier, wou si hier Vulva am Spigel gesinn hunn, iwwert komesche Bezeechnungen an der Kandheet an iwwert Menstruatioun. Natierlech geet et awer och dorëms, wéi Masturbatioun a Sex sech op hir Bezéiung zu hirer Vulva ausgewierkt hunn.
Opgepasst: An dëser Episod gëtt iwwer Erfarunge mat sexueller Gewalt an Trauma geschwat. Wann dës Themen dech belaaschten, iwwerlee dir, ob s du déi Episod vläicht mat enger Persoun zesumme lauschtere wëlls, dir eng Zesummefaassung gi wëlls loossen oder se einfach ganz skipps.
An der Rubrik schwätzt d’Ella iwwert de nationalen Aktiounsplang (PAN) „LGBTIQ+“.


