#187: I like the ring of it – Verhütung mamm Nuva Réng

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#187: I like the ring of it – Verhütung mamm Nuva Réng
Loading
/

D’Ella huet zu quasi all Dages- a Nuetszäit e Rank un, wéi dann dat? D’Ella gebraucht de Nuvaréng fir ze verhüten! Vaginalrénger sinn en hormonellt Verhütungsmëttel an der Form vun engem Réng deen an d Vagina agefouert gëtt an dann do verbleift. Obwuel de Nuvaréng, als eischten Vaginalréng um Marché, säit 25 Joer zougelooss ass, si Vaginalrénger manner bekannt wéi aner Verhütungsmëttelen. An dëser Episod erzielt d’Ella vu sengen Erfarungen mamm Nuvaréng, firwat hatt sech fir dat Verhütungsmëttel entscheed huet a wat him heinsdo op de Nerv geet.

Dës Episod ass dann och Deel vun eiser Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. 🙂

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Hormoner a Psychedelica.

Shownotes:
Addendum zum Thema “Nuvaréng wärend dem Sex raushuelen”: D’Ella sot an der Episod, dass een*t de Nuvaréng während dem Sex fir 3 Stonnen ka raushuelen, an dass all Keiers 24h tëscht dem Raushuele leie sollten. Et sollt een*t dat allerdéngs net all Dag maachen, oder et zur Sëcherheet mat sengem Doktor ofklären.
Fachinformation Nuvaring Bundesamt für Sicherheit im Gesundheitswesen (DE)
mengverhuetung.lu: Vaginalring

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *