#189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#189: Bröööööscht - (K)ee Kierperdeel wéi all aneren?
Loading
/

Huet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir onschéi Gefiller. Wisou däerft Robin als Kand zum Beispill op emol net méi ouni T-shirt dobausse spillen? A wouhier koum dem Ella seng Iddi am 6. Schouljoer dass seng Broscht sech ab elo net méi fräi beweegen däerf? Dës a nach vill weider Froen diskutéiere Robin an Ella an dëser Episode. 

An der Rubrik erkläert Elie wéi gutt Bezéiungen eis op laang Dauer frou a gesond halen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *