Eng gutt Fro: Wat hu Psychedelika mat Hormoner ze dinn, a wéi een Impakt hunn se op den Zyklus?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Eng gutt Fro: Wat hu Psychedelika mat Hormoner ze dinn, a wéi een Impakt hunn se op den Zyklus?
Loading
/

Psychedelesch Erfarunge sinn vu Mënsch zu Mënsch ganz ënnerschiddlech. Mee och vun enger Kéier op déi aner kann ee ganz verschidde Saachen erliewen a fillen, an et ass net méiglech dëst am Viraus ze wëssen. 

Mee wéi eng Roll spillt eisen Hormonspigel dobäi?

Den hormonellen Zyklus bei Persoune mat Eeërstäck huet een Impakt op d’Laun, d’Gehier an d’Wahrnehmung. Am Groussdeel vun der Recherche zu Psychedelika gëtt dësen awer guer net betruecht. 

Östrogen a Progesteron hunn een direkten Impakt op d’Serotonin Rezeptore am Gehier. Östrogen, zum Beispill, mëscht dass déi verschidde Rezeptore méi verbonne sinn, a méi dicht sinn, also dass méi Rezeptore am Gehier aktiv sinn. 

Klassesch Psychedelika aktivéieren d’Serotonin Rezeptore am Gehier. Dat heescht, dass se vill méi staark zu Momenter am Zyklus wierke wou méi Östrogen am Emlaaf ass. Well méi Östrogen, heescht méi Serotonin Rezektore, déi besser vernetzt sinn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *