Einfach Kanner kënnen ze kréien – oder eben och net – ass fir vill Leit ee wichtegt Thema. Mä „Sinn ech fruchtbar?“ ass keng Fro, déi sech einfach beäntwerte léisst, well vill Faktore mat era spillen. Am Podcast schwätzen d*e Robin an den Elie iwwert hir Erfarungen a Gedanken zum Thema. Zum Beispill doriwwer, datt Onfruchtbarkeet als „Schold“ vun der Fra ugesi gëtt,, obwuel sech dat an de Statistiken net néierschléit. Wien wéi fruchtbar ass, huet awer och gesellschaftlech a sozioekonomesch Grënn. Een Thema, dat enk domadder verbonnen ass, si medezinesch Methoden, déi een*t an Usproch kann huelen, wann et op natierlechem Wee net klappt – an dem Kader gi mir dann och doriwwer opgekläert, wéi sënnvoll et ass, an den Tifküler ze jitzen.
An der Rubrik erkläert d’Ella, wat den LEQGF ass a wat fir eng Etüd deen iwwert queer Mënschen zu Lëtzebuerg gemaach huet.


