Dat heiten ass en Ofschloss an en Ausbléck! Hei fënns du en Iwwerbléck zum “Come as You Are” Audio-Guide (sou eppes ewéi e Reader’s Digest vum Buch fir ze lauschteren). An déi gutt Noricht ass: et ass net eriwwer. Well d’Emily huet en Nofollgerbuch geschriwwen, dat heescht “Come Together”. Empfehlung!
Iwwerbléck “Come As You Are”: Rubriken, Übungen & Ressourcen
PART ONE: THE (NOT-SO-BASIC) BASICS
Kapitel 1: Wat ass Homologie?
Zu Kapitel 1 fënns du folgend Grafiken am Buch:
– Grafik zur Homologie bei der Entwecklung vun de Genitalien am Uterus (S.19)
– Grafiken zu Klitoris, Penis an Vulva (S. 22, 27)
Kapitel 2: Dual Control System
Zu Kapitel 2 passen folgend Worksheets:
– Sexual Temperament Questionnaire
– Sexy Contexts and Not-So-Sexy-Contexts
– Turning Off the Offs
Kapitel 3: Stress & Sex in Context
Zu Kapitel 3 passen folgend Worksheets:
– Sexy Contexts and Not-So-Sexy-Contexts
– Stress
PART TWO: SEX IN CONTEXT
Kapitel 4: Complete your Stress Cycle
Ways to « complete the stress cycle »
– Beweegung! Beispiller: Sport, danzen, Vëlo fueren, Muskelen 20 Sekonnen uspanen an dann ausrëselen.
– Ootmen. Virun allem Bauchootmung a mei laang ausootmen wei anootmen. Übung: 5 anootmen, 5 halen, 10 ausootmen, 5 anhalen, etc.).
– Laachen.
– Kréichen → oppassen de richtege Moment ze fannen fir rëm opzehalen. – Kreativ sinn. Beispiller: molen, zeechnen, bastelen, schreiwen, Musik maachen oder lauschteren, sangen.
– Sech em de Kierper këmmeren. Beispill: bueden, duschen, Neel fierwen, acrèmen.
– Meditéieren → Gefiller fillen, mat hinne sinn an se goen ze loossen.
– Zouneigung (emotional an kierperlech): 20 Sekonnen ëmaarmen, 6 Sekonnen kussen.
Kapitel 4: Bindungsmusteren & Sex
Zu Kapitel 4 passen folgend Übungen:
– Emgang mat schwieregen Gefiller
– Mindfulness Übung
Kapitel 5: Selbstkritik an de kulturelle Kontext
An Kapitel 5 gett et verschidden Übungen am Buch (S. 177-183). Eng Übung nennt sech EXERCICE TO INCREASE SELF-COMPASSION, déi hunn ech der iwwersaat:
Dest as eng Übung fir Selbstmatgefill.
1. Beschreif eng Situatioun, wéinst der s’du der Firwërf mëss oder dech kritiséiers. Dat kann alles sinn – eng Situatioun op der Arabescht, Aspekter vun denger romantescher oder sexueller Bezéiung, däin Kierper oder eppes ganz Anescht. Schréiw onbedéngt dei selbst-kritesch Gedanken op, mat deenen’s du dech ronderëmschléis.
2. Schreif den Numm vun engem gudde Kolleeg oder enger gudder Frëndin uewen ob d’Säit. Stell der fir du géing dëser Persoun vun der Situatioun an dengem Problem zielen. Du frees déi Persoun em Hëllef a schreif alles op, wat si zu dir soe geiff. Stellen der vir, dat se an hirer beschter, empatheschster, rouegster an ënnerstëtzenster Stëmmung ass – an der all déi Saache seet, déi s’du heiren muss.
3. Lies nach eng Kéier, wat’s du geschriwwen hues. Et ass fir dech.
PART THREE: SEX IN ACTION
Kapitel 6: Wat ass Arousal Non-Concordance?
Zu Kapitel 6 fënns du folgend Grafiken am Buch:
– Graphik zu “Men’s and Women’s Arousal Concordance” (S. 195)
Zu Kapitel 6 hunn ech eng bonus Rubrik opgeholl:
– Ënnerscheed tëscht Erreegung, Loscht an Unzéiung?
Kapitel 7: Mythos Sexdrive
An Kapitel 7 gett et puer Übungen am Buch (S. 234-261) an een Worksheet:
– Turning Off the Offs
PART FOUR: ECSTASY FOR EVERYBODY
Kapitel 8: Wat ass Spectatoring?
An der Rubrik héiers du eng Übung, wat een bei Spectatoring kann maachen.
Kapitel 8: How to Orgasmus
Hei passen zwou bonus Rubriken dabai:
– Mythos vaginalen Orgasmus
– Besser Orgasmen
Außerdem des Worksheets:
– Sexy Contexts and Not-So-Sexy-Contexts
– Turning Off the Offs
– Stress
Kapitel 9: Meta-Gefiller
Hei passen zwou bonus Rubriken dabai:
– Sex & Trauma
– Mindfulness Übung
Quellen:
> “Come As You Are” vum Emily Nagoski. Opgepasst: Meng Versioun vum Buch ass d’Editioun vum Verlag “Simon & Schusters Paperback” aus dem Joer 2015. Wann’s du eng aner Versioun vum Buch hues, dann ënnerscheeden sech warscheinlech d’Säitenzuelen!
> All d’Worksheets fënns du ënnert dësem Link: https://www.emilynagoski.com/come-as-you-are-worksheets

