#123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster
Loading
/

Et ass net ëmmer einfach mat hinnen, mä vill vun eis kënnen sech ee Liewen ouni si guer net virstellen: Riets ass vu Geschwëster. De Joël huet der véier a Kelly ass Eenzelkand mat ville Stéifgeschwëster. Si schwätzen doriwwer, wéi dat esou ass, mat oder ouni Begleedung opzewuessen, wat een*t esou präägt a wéi dat eegent Iessverhalen dovunner beaflosst gëtt. Am Gespréich geet et och ëm d’Fro, ob et eng Berechtegung huet, seng Positioun ënnert de Geschwëster als Ersatz-Stärenzeechen ze benotzen a wat et mat deem groussen Tabu Geschwëster a Sex op sech huet. Eng Rubrik gëtt et net, dofir wënsche mir iech ee schéine Summer – bis an der nächster Staffel, bléift hydratéiert!

#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive
Loading
/

Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. Och philosophéieren déi zwee iwwer hir Bezéiung zu hirem Sex Drive.

An der Rubrik gëtt Kelly eng Introductioun zu Rimming.

#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?
Loading
/

Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engem*enger Partner*in, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung kënnt, wat se mat eis mécht a wat fir ee Bléck op Bezéiungen an Léift vläicht méi produktiv ass. Et geet ëm Rolltrapen, Gewässer, déi grouss gesellschaftlech Strukturen a perséinlech spirituell Froen. An an der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Kreativitéit beim Masturbéieren.
Shownotes:
-„All about love“ vum bell hooks
-„Zu Lieben. Lieben als politisches Handeln / Kapitalismus entlieben“ vum Lann Hornscheidt
Episod 57: Ech wëll eppes vun dir – mä wat?
Episod 110: Dump them? Wéini trennen ech mech (net)

#120: Dildo, Vibrator, Peitsch – Sextoys

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#120: Dildo, Vibrator, Peitsch – Sextoys
Loading
/

Si si mëttlerweil iwwerall – an Drogerien, Krimskramsbutteker an heinsdo souguer Tankstellen Automaten: Sex Toys. Mee wat ass iwwerhaapt a Sex Toy? Wéi a firwat notze Mënsche Sex Toys? A wéi lageren Leit hir Sex Toys – Ausstellung an der Wunneng oder ganz déif hannen am Tirang?
De Joël an d*e Robin ginn an dëser Episod op all dës Froen an, an diskutéieren och iwwer de Stigma, deen u Sex Toys haft a firwat munch Leit keng Sex Toys gebrauche (wëllen).

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Sex an nei Technologien.

#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride
Loading
/

Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si komplex. Engersäits Virfreed op déi grouss Veranstaltungen, anerersäits Angscht virun ze vill Siichtbarkeet, déi och ëmmer erëm Haass a Gewalt ausléisst. An dann ass do och Roserei op Firmen, déi déi queer Community just als Marketing gesinn, ass och an dësem Gefillscocktail. Donieft geet et dorëms, wéi Prides méi inklusiv kéinte sinn, an u wat fir Membere vun der LGBTIQA-Community dacks net geduecht gëtt.

An der Rubrik schwätzt d*e Robin iwwert Intergeschlechtlechkeet.

Shownotes
Doku iwwert Marsha P. Johnson op Netflix: The Death and Life of Marsha P. Johnson
Kuerzbiografie vum Marsha P. Johnson
Stonewall riots
Cooper Do-nuts Riot
Compton’s Cafeteria riot
Artikel vum Joël iwwer Regenbogenkapitalismus an der woxx