D’Halschent vun der Populatioun huet en: de Penis. An e groussen Deel vun der Populatioun ass u Penisser sexuell interesséiert. “De Penis” gëtt et dobäi amfong net wierklech – Penisser kommen an alle Gréissten a Formen. Dominant an der Konversatioun ëm Penisser ass dobäi oft d Gréisst vun deem Kierperdeel: d’Meenungen iwwer d’Wichtegkeet vun de Moossen ginn dobäi oft auseneen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, firwat mäer deem Ganzen amfong souvill Bedeitung zoumoossen, wat et mat “dick energies” op sech huet, a wat hir Erfarunge mat Penisgréisst sinn.
An der Episod erklärt den Elie an der Rubrik Aktualitét, wat dee néi entdeckten “Sexom” ass.
#159: Tëscht Wichsvirlag a Musée – sexy Konscht konsuméieren
/
Share
Link
Embed
Ob Aktmolerei, Fanfiction oder Performances – heiansdo hu mir Loscht, sexy Konscht ze konsuméieren. An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwert den Ënnerscheed tëscht Porno a Konscht, iwwert dat sexy Potenzial vu verschidde Medien an erziele vun hiren Erfarungen mat Texter, Biller an anere Konschtformen. Si schwätzen och doriwwer, wéi a wisou mir selwer (sexy) Konscht kënne maache sollten.
An der Rubrik stellt Kelly eng Mindfulnessübung vir.
#158: Let’s talk? – Iwwer meng Bezéiungen a Sex schwätzen
/
Share
Link
Embed
An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly iwwer Schwätzen: Mat wiem schwätzen si (net) gär iwwert hier Bezéiungen a Sex? Firwat schwätzt een iwwer seng Bezéiungen a Sexualitéit, a wei fënnt een eraus, wat een iwwerhaapt erzielen dierf? Soll een sech hei mat senge Bezéiungs/Sex-Persoun(en) eppes ausmaachen? Si schwätzen dann och doriwwer, wéi mir aus der Gossip-Fal zu éierlechen, beräicherende Gespréicher kommen. Dat a méi héiers du elo.
#157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen
/
Share
Link
Embed
Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen prioriséieren, a wourun si déi Décisiounen festmaachen.
#156: Make or break – Strait, Versöhnung an (keen) Sex
/
Share
Link
Embed
An dëser Episode schwätzen Elie a Kelly iwwer (gutt a manner gutt) Grënn fir no engem Konflikt Sex ze hunn. Weieng Léit hunn éischter Makeup Sex? Wat kann een ausser Sex nach machen? An wat ass mat Breakup Sex? Dat héiers du elo.