#150: Vu Pornoen, Freud a Fanfictions  – wouhier kommen eis sexuell Fantasien?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#150: Vu Pornoen, Freud a Fanfictions  – wouhier kommen eis sexuell Fantasien?
Loading
/

Ob an eisen Dreem, beim Masturbéieren oder einfach matzen am Dag – déi meescht vun eis hu sexuell Fantasien. Si kënne ganz harmlos sinn, si kënnen intrusiv sinn oder och esou komesch, datt mir se net wéilten ëmsetzen. An dëser Episod maachen sech d*e Robin, den Elie an de Joël  op eng Rees an d’Onbewosstsinn a probéieren erauszefannen, wouhier eis Fantasien eigentlech kommen. Si schwätzen iwwert komesch Theorien, wéi gesellschaftlech Normen an eis ganz privat Fantasien andréngen an doriwwer, wéi si mat hire Fantasien ëmginn.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Chemsex – net just fir all fir all déi, déi (nach keng) Fantasien doriwwer hunn.

#149: No enger Trennung eenz ginn – How to get over it

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#149: No enger Trennung eenz ginn – How to get over it
Loading
/

Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen – an oft eng Erfarung, mat däer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwätze si driwwer, wéi een*t Frën*dinnen ënnerstëtze kann, déi grad duerch Trennungskrise ginn.

An der Rubrik gëtt Kelly en How To fir mat schwierege Gefiller eenz ze ginn.

Hei sinn aner Episoden, déi mäer schonn zum Thema Trennung opgeholl hunn:
#87: Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner
#112: Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen?
#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung

Falls et guer net méi geet, kanns de der hei Ënnerstëtzung an Hëllef sichen:
https://454545.lu/
https://www.kjt.lu/de/
https://www.kjt.lu/de/elterentelefon/
https://www.prevention-suicide.lu/

#148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier
Loading
/

Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d’Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Ausserdeem schwätze mir iwwert deen éischte queere Sex, d’Sex-Olympiad a Jalousie op aneren hir éischte Kéieren. An der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Sober Sex ass.

Shownotes:
Episod #125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen
Episod #109: Wann et einfach net geet – Vaginismus

Aktualitéit: Wat ass Petitioun no.3198?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Aktualitéit: Wat ass Petitioun no.3198?
Loading
/

Am Juli 2024 ass zu Lëtzebuerg eng Petitioun ronderëm gaang déi all queer an LGBTQIA+ Themen aus der Educatioun vu Mannerjäregen ausschléisse wollt. Se gouf vu ronn 10 dausend Lëtzebuerger.innen ënnerschriwwen a stellt dofir eng seriö Attack op d’Rechter vun der  LGBTQIA+ community duer. Wat et genau mat der berüchtegter Petitioun no.3198, a mat hirer Géigepetitioun no.3281 op sech huet, erkläert d’Ella an dëser Rubrik.

Hei fann dir d’Opzeechnunge vun der Debatt an der Chamber an hier Schlussfollgerungen

Weider Quellen an Informatiounen:
Petition Nr. 3198: Queers lassen sich nicht totschweigen vum eisem eegene Joël Adami
Debatte: Nicht-Wissen-Wollen vum Melanie Czarnik
Warum die Petition 3198 die LSAP entzweit vum Florian Javel
Diskriminierungsreflektierte Sexualpädagogik vum Katharina Debus

Stellungname vu Lëtzebuerger queer feministeschen Organisatiounen:
Rosa Lëtzebuerg
CID Fraen an Gender

Note: Leider ass eis ee Feeler an der Rubrik ënnerlaf. Et huet een hallwen Dag an net just 6 Stonne gedauert, bis d’Petitioun no.3281 déi néideg 4.500 Ënnerschrëften zesummen hat.

Eng gutt Fro: Wat waren d’Porno Trends 2024, a wat seet dat iwwer eis aus?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Eng gutt Fro: Wat waren d’Porno Trends 2024, a wat seet dat iwwer eis aus?
Loading
/

Shownotes: