Fills du dech heinsdo beobacht? Dat kéint um male gaze leien. De male gaze kennt aus der Konscht a Filmtheorie a beschreiwt eng ganz bestëmmten Art a Weis fir weiblech geliese Persouen duerzestellen, déi hinnen hier Handlungsfähegkeet weghëllt. Wéi genau dat passéiert, a wéi dat sech op dat realt Liewen auswierkt, dat héiert dir an dëser Rubrik.
Note: Am Artikel vum Diane Ponterotto gëtt den Term “transsexual” benotzt den awer haut vu ville Leit ofgelehnt gëtt, “trans*gender”, “trans*geschlechtlech” oder einfach “trans*” sinn déi bevorzugten Begrëffer.
Blosenentzündunge sinn ongemittlech Affairen a kënnen och richteg wéidoen. Heiansdo brauch een:t Antibioticke fir se rëm lasszeginn, an heiansdo gi Schmäerz- an Hausmëttel duer. Wat genau Blosenentzündunge sinn a wat een:t maache ka fir se ze vermeiden, an ze behandelen, dorëm geet et an dëser Rubrik.
Sober Sex, also niichtere Sex, ass Sex, deen een huet, ouni ënner Afloss vun Alkohol oder Drogen ze sinn.
Absichtleche sober Sex ass eng Aart a Weis bewosst niichter a mat sech an deenen aneren verbonnen ze sinn, an sech esou fräi vir de Sex opzemaachen an alles esou intensiv wéi méiglech ze spieren.
Mat “Méi wéi Sex – De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper” start den CESAS zesumme mam Radio ARA eng Serie iwwer Sexualitéit, Kierper a Bezéiungsformen.