#132: Daily Bodyhorrors - Ekel, Schummt a wierd Kierpersachen
/
Share
Link
Embed
Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch – den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen – a wouhier kommen Ekel a Schummt?
#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage
/
Share
Link
Embed
HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema HIV ginn ass, wësse vill Persoune net, dass d Wësseschaft säit de 90er wäit komm ass. De Patrick lieft säit 2007 mat HIV, an erzielt eis seng Geschicht.
An der Rubrik erklärt d Kelly, wat Arousal Non Concordance ass.
#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette
/
Share
Link
Embed
Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat ass mat Leit, déi sech réicht méi spéit am Liewe geout hunn? An dëser Episod schwätzt d*e Robin mamm Annette: si ass eng trans Fra, déi sech an hire 50er geout an hir Transitioun ugefaangen huet, a gëtt eis en Abléck an hir Erfarungen a Gefiller ëm d Thema Outing.
An der Rubrik erkläert den Elie, wat de Beruff vum Sexolog ausmëscht.
#129 Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit
/
Share
Link
Embed
An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann: Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d’Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen déi zwee, wisou esou een Outing bei den Elteren heiansdo guer net esou dramatesch ass, wéi een*t vläicht gemengt hat. An wat et mat dem Legolas (sengem Hënner) op sech huet, gitt dir natierlech och gewuer.
An der Rubrik geet et em den Ënnerscheed tëscht Ereegung, Loscht an Unzéiung.
#128: Méi wéi just eng Course - Drag zu Lëtzebuerg
/
Share
Link
Embed
Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul’s Drag Race – eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag … Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru Paul’s Drag Race d Drag Szen beaflosst huet, a wat den Term Drag amfong ëmfaasst. Als Lëtzeboier gëtt den Charlie och Abléck an déi lëtzeboiesch Drag Szen. Lauschter dës Episod fir e gudden Intro an d Thema Drag ze kreien!