Demisexualitéit – e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d’Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, Gas a Bremsen, a si ginn eng Äntwert op d Fro “Demi – Heiansdo Sex, guer kee Sex, vill Sex?” (Spoiler: it depends!).
An der Rubrik gëtt den Elie Tips zu Aftercare.
Shownotes
Bicher – „Ace: What Asexuality Reveals About Desire, Society, and the Meaning of Sex“ vum Angela Chen – „(un)sichtbar gemacht – Perspektiven auf Aromantik und Asexualität“ Annika Baumgart & Katharina Kroschel – „Come as you are“ vum Emily Nagoski – “Ace Voices: What it Means to Be Asexual, Aromantic, Demi or Grey-Ace” Eris Young – “Das asexuelle Spektrum: Eine Erkundungstour” Carmilla DeWinter
#125 Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen
/
Share
Link
Embed
An der éischter Episode vun Staffel 6 (yay!) geet et em: éischt Kussen! 😗😘😚😙
Joël, Kelly, Robin an Elie schwätzen iwwer weieng éischt Kussen si haten, wat e gudden éischte Kuss ausmëscht an wei vill Zong gewollt ass. An der Rubrik erkläert Kelly, firwat een bei Erreegung net nëmmen muss op de Gas drécken, mee och vun der Bremse erofklammen.
Äert Méi Wéi Sex Team versuergt Iech mat Outtakes aus deene leschte Joren! Mir wënschen Iech vill Spaass mat eise Verspriecher, eisem Gegackers, Gesangs a Geklapps!
#123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster
/
Share
Link
Embed
Et ass net ëmmer einfach mat hinnen, mä vill vun eis kënnen sech ee Liewen ouni si guer net virstellen: Riets ass vu Geschwëster. De Joël huet der véier a Kelly ass Eenzelkand mat ville Stéifgeschwëster. Si schwätzen doriwwer, wéi dat esou ass, mat oder ouni Begleedung opzewuessen, wat een*t esou präägt a wéi dat eegent Iessverhalen dovunner beaflosst gëtt. Am Gespréich geet et och ëm d’Fro, ob et eng Berechtegung huet, seng Positioun ënnert de Geschwëster als Ersatz-Stärenzeechen ze benotzen a wat et mat deem groussen Tabu Geschwëster a Sex op sech huet. Eng Rubrik gëtt et net, dofir wënsche mir iech ee schéine Summer – bis an der nächster Staffel, bléift hydratéiert!
#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive
/
Share
Link
Embed
Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. Och philosophéieren déi zwee iwwer hir Bezéiung zu hirem Sex Drive.
An der Rubrik gëtt Kelly eng Introductioun zu Rimming.