#93 Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen

Méi wéi Sex – Staffel 4
Méi wéi Sex – Staffel 4
#93 Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen
Loading
/

Medizinesch, kulturell oder reliéis – et ginn vill Grënn, wisou een Penis beschnidde ka sinn. Ass een*t mat engem beschniddenen Penis méi oder manner sensibel an kënnt een*t méi oder manner fréi zum Orgasmus? De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat et heescht, beschnidden ze sinn an wéi si domadder eenz ginn, datt hinnen Virhaut feelt. Ausserdem ginn si der Fro no, wat mam Jesus senger Virhaut passéiert ass a wéi een sech am beschten (net) selwer beschneit. Passend zum Thema schwätzt Kelly an der Rubrik doriwwer, wat eigentlech normal Genitalien solle sinn.

Schema, wou déi verschidde Forme vu Beschneidung duergestallt sinn.
Den ausféierlechen Wikipedia-Artikel zum Thema.

#92 Méi wéi eng Banan an ee Kondom – Sex Education zu Lëtzebuerg

Méi wéi Sex – Staffel 4
Méi wéi Sex – Staffel 4
#92 Méi wéi eng Banan an ee Kondom – Sex Education zu Lëtzebuerg
Loading
/

Den 10.07.2020 huet an de Rotondes d’Ofschlossevent vun der zweeter Staffel vum Podcast stattfonnt. Do konnt ee net nëmmen seng perséinlech Définitioun vu Sex mat de Leit deelen, mee och e Froebou zur eegener Sexualerzéiung an der Schoul ausfëllen a souguer en Orgasmus molen.

D’Anne an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer deen Event a ginn en Iwwerbléck iwwer d’Resultater. Och kommen d’Enji, d’Rachel an d’Jessie zu Wuert, déi den Event als Deel vun engem groussen Team matorganiséiert hunn.

Wéi geseit d’Sex Education zu Lëtzebuerg amfong aus, a wat misst sech verbesseren?

Den Elie beschäftegt sech an der Rubrik mat der Fro, wéi een*t e Foussfetesch auslieft.

Hei fënns du Servicer, déi um Thema Sex Education schaffen an Informatiounen:
– Planning Familial: http://www.pfl.lu/fr/Formation-et-information-affective-et-sexuelle
– Centre LGBTIQ+ Cigale: https://www.cigale.lu/
– Rosa Lëtzebuerg: https://rosaletzebuerg.lu/
– Broschür “let’s talk about sex”: https://sante.public.lu/fr/publications/g/guide-sante-sexuelle-ltas2020-fr-de-en/index.html
– Cesas: https://www.cesas.lu/de/

#91 Gender ass e Spektrum – Non-binary

Méi wéi Sex – Staffel 4
Méi wéi Sex – Staffel 4
#91 Gender ass e Spektrum - Non-binary
Loading
/

“Non-binary” – en Term, deen ëmmer méi oft an der Gesellschaft opkënnt, ënnert anerem well ëmmer méi ëffentlech Perséinlechkeeten sech sou identifizéieren. Mee wat ass Net-Binaritéit amfong? Wéieen Ëmgang wënsche sech net-binär Mënschen vun der Gesellschaft? A wéi gesinn hir Liewensrealitéiten aus?
Doriwwer schwätzen de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An der Rubrik erkläert d’Kelly, wat Binding ass a wéi een*t een Binder richteg benotzt.

Berodungsstellen fir queer Mënschen:
Centre LGBTIQ+ Cigale: https://www.cigale.lu/?lang=en
Intersex & Transgender Luxembourg a.s.b.l.: http://itgl.lu/

Guide zum Binding:
https://translifeline.org/binding-guide/

#90 GefillsGespréicher: Iwwer schwiereg Gefiller an enke Bezéiunge schwätzen

Méi wéi Sex – Staffel 4
Méi wéi Sex – Staffel 4
#90 GefillsGespréicher: Iwwer schwiereg Gefiller an enke Bezéiunge schwätzen
Loading
/

Inhalt vun der Episode 90:

Ängschten, Roserei, Trauregkeet, Enttäuschung, Jalousie oder och eng onbestëmmt Zopp aus ënnerschiddleche Gefiller: Mir hunn se all. De Joël a Kelly diskutéieren doriwwer, wei ee mat Bezéiungspersoune kann iwwer schwiereg Gefiller schwätzen. 

Mir froen eis: Wat ass de richtege Moment, fir e Gespréich anzeleeden? Wéi kann ech iwwer meng eege Gefiller nodenken an se uschwätzen? Wei ginn ech gutt domat ëm, wann aner Persounen iwwer schwiereg Gefiller schwätzen? An wat fir Gefiller sinn iwwerhaapt schwiereg? Dat héiert der an dëser Episode. 

An der Rubrik schwätzen den Elie iwwer Foussfetischer.

Zu Kommunikatioun an Änlechem:
Gewaltfreie Kommunikation
Bindungstheorie und Bindungstypen
Konflikttypen (Selbstcheck) 

#89 Vun Dieren, déi opginn – Neiufäng

Méi wéi Sex – Staffel 4
Méi wéi Sex – Staffel 4
#89 Vun Dieren, déi opginn – Neiufäng
Loading
/

Mir sinn erëm do, an et ass ganz vill nei bei eis: Een neit Joer, eng nei Staffel, eng nei Stëmm! Passend dozou schwätze mir iwwer Neiufäng. Wat heescht et, eng nei Bezéiung, sief se frëndschaftlech, sexuell oder romantesch, anzegoen? De Joël, d’Kelly an d*e Robin diskutéieren doriwwer, schwätzen iwwer déi magesch New Relationship Energy an denken doriwwer no, op een neit Kachbuch een klengen oder groussen Neiufank ass.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Tipps zu Sex mat enger neier Persoun – virum, wärend an nom Sex.

Episoden a Rubriken, iwwert déi mir geschwat hunn:
#76 Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen
Eng gutt Fro – Wéi ginn ech mat enger Trennung ëm?