#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive
/
Share
Link
Embed
Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. Och philosophéieren déi zwee iwwer hir Bezéiung zu hirem Sex Drive.
An der Rubrik gëtt Kelly eng Introductioun zu Rimming.
Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engem*enger Partner*in, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung kënnt, wat se mat eis mécht a wat fir ee Bléck op Bezéiungen an Léift vläicht méi produktiv ass. Et geet ëm Rolltrapen, Gewässer, déi grouss gesellschaftlech Strukturen a perséinlech spirituell Froen. An an der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Kreativitéit beim Masturbéieren. Shownotes: -„All about love“ vum bell hooks -„Zu Lieben. Lieben als politisches Handeln / Kapitalismus entlieben“ vum Lann Hornscheidt – Episod 57: Ech wëll eppes vun dir – mä wat? – Episod 110: Dump them? Wéini trennen ech mech (net)
Si si mëttlerweil iwwerall – an Drogerien, Krimskramsbutteker an heinsdo souguer Tankstellen Automaten: Sex Toys. Mee wat ass iwwerhaapt a Sex Toy? Wéi a firwat notze Mënsche Sex Toys? A wéi lageren Leit hir Sex Toys – Ausstellung an der Wunneng oder ganz déif hannen am Tirang? De Joël an d*e Robin ginn an dëser Episod op all dës Froen an, an diskutéieren och iwwer de Stigma, deen u Sex Toys haft a firwat munch Leit keng Sex Toys gebrauche (wëllen).
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Sex an nei Technologien.
#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride
/
Share
Link
Embed
Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si komplex. Engersäits Virfreed op déi grouss Veranstaltungen, anerersäits Angscht virun ze vill Siichtbarkeet, déi och ëmmer erëm Haass a Gewalt ausléisst. An dann ass do och Roserei op Firmen, déi déi queer Community just als Marketing gesinn, ass och an dësem Gefillscocktail. Donieft geet et dorëms, wéi Prides méi inklusiv kéinte sinn, an u wat fir Membere vun der LGBTIQA-Community dacks net geduecht gëtt.
An der Rubrik schwätzt d*e Robin iwwert Intergeschlechtlechkeet.
#118: Reiwen, Lutschen, Heemelen – Sex ouni Penetratioun
/
Share
Link
Embed
Sex – fir vill Leit ass dat e Penis, deen an e Genital andréngt, sief et eng Vagina oder en Anus. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer Sex ouni Penetratioun. Si probéieren, endlech déi grouss Fro “Wat ass amfong Sex?” ze beäntweren an zerstéieren dobäi net nëmmen niewebäi d Virspill, mee diskutéieren och méiglech Grënn fir verschidde Perspektive vun de Grenze vu Sex.
An der Rubrik thematiséiert den Elie d Thema “Sex a Cannabis”.