Fir d’Mëtt vun der 5. Saison vun ärem Liblingspodcast ze feieren, invitéiert di ganz Équipe iech op e Workshop-Nomëtten an een Owend mat Karaoke.
Wéini a wou? – When and where? 25.2.2023 am Bâtiment 4 zu Esch/Alzette Auerzäiten – Schedule: 14h00 – 16h00 Workshops Slot 1 16h30 – 18h30: Workshops Slot 2 19h: Karaoke Umeldung – Registration:iwwert dëst Formular / fill out this online form Facebook-Event
#112 Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen?
/
Share
Link
Embed
Schlussmaache per SMS? Oder léiwer ee laangt Gespréich an nach eng leschte Kéier Sex mateneen hunn? Wéi sech eng Koppel trennt, hänkt ganz vun den Ëmstänn of. Et ginn awer genuch Grënn, sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi dee schwierege Moment gestalt sollt ginn. Nodeems Kelly an de Joël schonn driwwer geschwat hunn, wéini een*t sech trenne sollt, geet et dës Kéier doriwwer, wéi dat geet. Si schwätzen doriwwer, wéi een*t eng gutt Plaz dofir fënnt, wat an engem Trennungsgespréich alles sollt gesot ginn an ob eng Kontaktpaus no der Trennung sënnvoll ass.
An der Rubrik gëtt den Elie Tipps, wéi een*t een gudden Ally fir trans Persounen ka sinn.
#111: Méi wéi just eng Zuel – Altersënnerscheeder a Bezéiungen
/
Share
Link
Embed
Wat huet de Leonardo Di Caprio mat Équatiounen ze dinn? De Joël, d’Lynn an d*e Robin diskutéieren an dëser Episod iwwer hir Erfarungen mat Age Gaps. Wat hunn Age Gaps mat Queerness ze dinn, wat sinn d Risiken vun Age Gaps a wéi kann een*t mat dëse Risiken ëmgoen a sech selwer an aner Leit schützen?
An dëser Folge beschwätzen de Joël an Kelly wéini een sech trennen sollt, wéini een net Schlussmachen sollt – an alles do datescht. Et geet em Kodépendenz, Zukunftsvirstellungen, Sech-net-méi-richen-kennen, Bindungsmusteren an nach vill méi.
Liesetipps – “Polysecure” vum Jessica Fern (Sëcher Bezéiungen zu Aaneren an zu sech Selwer opbauen) – “Attached” (Bindungstheorie, Bindungtypen, Bindungsmusteren) – “In the dream house” vum Carmen Maria Machado (Roman iwwert eng absuiv Bezéiung)
Content Note: An dëser Episod ginn Trauma an Erfarunge mat sexueller Gewalt ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng.
Vaginismus – vill Leit wäerten nach ni eppes dovun héieren hunn. Dobäi si vill méi Leit vu Vaginismus betraff, wéi een*t denkt, an si sinn oft mat ville Virurteeler an Onverständnis konfrontéiert. Eis Illustratorin Lynn huet Vaginismus, a schwätzt an dëser Episod mam Robin doriwwer, wat fir en Afloss dës Konditioun op seng Bezéiungen a säi Liewen huet.
An der Rubrik kläert d’Kelly doriwwer op, wéi een*t am beschte mat Jugendlecher iwwer Sex schwätzt.