#76 Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen

Méi wéi Sex – Staffel 3
#76 Trauer - Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen
Loading
/

Onofhängeg dovun, ob elo e Familljemember, en Hausdéier oder en:g Koleeg:in stierft: De Verloscht kann sou wéi doen, dass engem d’Wierder feelen an een:t net weess, wéi een:t dat packe soll. Dat Gefill ass fierchterlech, mä normal. An der Folleg Nr.76 schwätzen den Elie an d’Anne iwwer verschidde Formen a Phase vun der Trauer, ginn op Traditiounen an a plädéieren dofir, dass jiddereen:t säin eegene Wee dierf goen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer eng ganz bestëmmte Form vu sexualiséierter Gewalt, nämlech: Stealthing.

#75 Sprint oder Marathon? – D’Dauer vum Sex

Méi wéi Sex – Staffel 3
#75 Sprint oder Marathon? – D’Dauer vum Sex
Loading
/

Ass laange Sex besser wéi kuerzen? D’Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert d’Verhältnis vu Qualitéit an Dauer, iwwert laang Sex-Nomëtteger an opreegend Quickien an d’Fro, wéi een*t d’Längt vum Sex iwwerhaapt ka moossen. E puer Tipps, wéi een Sex an d’Längt zéie kann, gi mir och. An der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wisou verschidde Leit gären ugepisst ginn.

#74 Méi wéi Drogen, Sex a Party – Safer Use & Safer Sex (Specialedition)

Méi wéi Sex – Staffel 3
#74 Méi wéi Drogen, Sex a Party – Safer Use & Safer Sex (Specialedition)
Loading
/

D’Nuetsliewe bitt dem Mënsch Fräiraim fir am Schutz vun der Däischtert neien Terrain ze exploréieren a sech a seng Ëmwelt nei kennen ze léieren. Ausseralldeeglesch Erfahrunge mat Sex an Droge spillen heibäi dacks eng wichteg Roll a sinn ëmmer mat engem gewësse Risiko verbonnen. Mee wéi kann een wärend dem Feieren iwwerhaapt bewosst Entscheedungen treffen? Wéi huet Corona eist Verhale verännert a wéi kann ech mech sou virbereeden, dass ech eng Balance tëscht dem Rausch a Risiko ka fannen?

Vum 7. bis den 11. Dezember huet de Cesas d’semaine de la santé sexuelle et affective organiséiert. An deem Kader huet de Sexpodcast mat Pipapo zesumme geschafft an unhand vun Ëmfroen, déi bei Instagram gemaach goufen, eng Live-Sendung preparéiert, un där Interesséierter per Zoom deel huelen konnten. Dëst ass also e Matschnëtt vun engem Evenement, dat den 11. Dezember stattfonnt huet.

(Hei fannt dir d’Enquête vun Pipapo, vun där am Gespréich riets ass.)

D’Illustratioun staamt vum Adriana de Pinho.

#73 Pijen, Porno a Pannen – Sexting 2.0

Méi wéi Sex – Staffel 3
#73 Pijen, Porno a Pannen – Sexting 2.0
Loading
/

Proximitéit tëscht Koppelen oder bei Dates war 2020 just ënnert erschwéierte Konditioune méiglech. Mä am digitalen Zäitalter gëtt et jo glécklecherweis nach aner Méiglechkeeten, enger Persoun seng Loscht ze weisen, se mat hir ze deelen an zesummen ze genéissen. D’Kelly an de Joël hunn sech offline doriwwer ënnerhalen, wéi een online Spaass kann hunn ouni dobäi de Schutz ze vergiessen. D’Rubrik hält eng Rees an d’Welt vun de Fetischer bereet.

Hei sinn nach Siten, op deen dir weider Informatiounen fannt:
Bee Secure a Safer Internet
– Spezifesch Dossieren: Was ist Sexting?
– Bee Secure Kampapagne: Bass de sécher?

Op dëse Plaze kritt dir gehollef:
BEE SECURE Helpline // Tel.: 8002 1234
Kanner-Jugendtelefon // Tel.: 11 6 111
Elterentelefon // Tel.: 26 64 05 55

#72 Know Your Status – Mir testen eis op HIV

Méi wéi Sex – Staffel 3
#72 Know Your Status – Mir testen eis op HIV
Loading
/

Wou kann een:t sech zu Lëtzebuerg teste loossen, brauch een:t fir en Auto-Test e Führerschäin a wat wierkt géint Opreegung beim Waarden op d’Resultat? D’Team vu Méi wéi Sex huet sech zesummegesat fir genee dat ze bespriechen. De Elie schwätzt an där neier Rubrik iwwer “Skin hunger”.