#108: Ech si Schalter, an du? – Top/Switch/Bottom

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#108: Ech si Schalter, an du? – Top/Switch/Bottom
Loading
/

Bottom, top, up, down, charm oder strange? Wat huet Quantephysik mat Sex ze dinn? A wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht Top/Switch/Bottom an Dom/Switch/Sub? Haut geet et ëm genau dës Kategoriséierungen a wat eent amfong mat deenen ufänke kann. De Joël an de Robin schwätzen ausserdeem iwwer typesch Virurteeler a laachen iwwer Autoswäschen.

An der Rubrik kläert den Elie iwwer gender affirming care op.

#107: Vu Superhelden a Liebesgeschichten – Aromantik

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#107: Vu Superhelden a Liebesgeschichten – Aromantik
Loading
/

Wat hu Superhelden mat Verléiftheet ze dinn? Dëst a nach vill méi verzielt eis d Beatà aus eiser Community. Hat ass aromantesch an asexuell a gëtt eis en Abléck a säi Liewen.

Kelly schwätzt an der Rubrik iwwer nëtzlech Life Hacks an Selfcare Strategien ronderëm Menstruatioun

#106: Nom Sex ass virum Sex – Kommunikatioun virum, während a nom Sex

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#106: Nom Sex ass virum Sex – Kommunikatioun virum, während a nom Sex
Loading
/

Just go with the flow – oder awer besser virbeschwätzen, wat geschéie soll? Doriwwer diskutéieren de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An deene nächsten 48 Minutten gëss du gewuer, wat si gäre virum Sex ofklären, firwat Sex och philosophesch si kann an dass nom Sex virum Sex ass.

Rubrik vum Kelly:
How To: Kommunikatioun mat Sexpartner*innen

#105: Vu Krauselen, Häerzer an horegen Hënnere – Intimfrisuren

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#105: Vu Krauselen, Häerzer an horegen Hënnere – Intimfrisuren
Loading
/

Raséiert, eng witzeg Form, getrimmt oder einfach wëll wuesse gelooss? Et gi vill Méiglechkeeten, fir mat intimen Hoer ëmzegoen. Mä wat fir Hoer sinn eigentlech intim, a wisou friséiere mir se? Och beim Oralsex mécht dat alles een Ënnerscheed. Kelly an de Joël schwätzen haut doriwwer – an iwwert d’Vir- a Nodeeler vun de verschiddene Méiglechkeeten.

Kelly schwätzt an der Rubrik iwwer 5 ënnerschiddlech Aart a Weise fir mat Sexpartner:innen (non-verbal) iwwer Sexualitéit ze kommunizéieren: Weisen, Schreiwen, Spillen, Fillen, Kucken.

Continue reading “#105: Vu Krauselen, Häerzer an horegen Hënnere – Intimfrisuren”

#104: Sex verschäissen – Sex an der Jugend

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#104: Sex verschäissen - Sex an der Jugend
Loading
/

Aller Anfang ist schwer! Vill Leit hunn eng ambivalent Astellung zu hire sexuellen Erfarungen an hirer Jugend, an domat si si net eleng . Vu dass et dem Kelly an dem Robin änlech geet, schwätze si an dëser Episod iwwer hir eegen Erfarungen mat Jugendsexualitéit, a wourun et leie kéint, dass vill Leit vill schlechte Sex an hirer Jugend haten. Donieft diskutéieren si och, wéi sech dës Erfarungen op dat spéidert Liewen auswierke kënnen, wéi et iergendwann besser gi kann an ginn op d Roll vun der Schoul an Educatioun an.

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Unzéiung a Bezéiungen.