#68 Sexident um Turbo-Rond-Point Klitoris – Éischt-Hëllef-Folleg fir sexuell Noutfäll

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#68 Sexident um Turbo-Rond-Point Klitoris – Éischt-Hëllef-Folleg fir sexuell Noutfäll
Loading
/

Op elo en gerassene Kondom, eng Analfissur oder en Ausschlag am Intimberäich. All dëst si Saachen, déi een definitiv net mat aplangt, mä déi awer mol geschéien kënnen, wann een sech eleng oder mateneen ameséiert. Net ze panikéieren a sech selwer hëllefen ze kënnen, ass wichteg. Awer et ass genee sou legitim, och Professioneller em Rot ze bieden. Wéi een Akzidenter méiglechst vermeiden an wou een am Fall vun de Fäll uruffen kann, doriwwer schwätzen d’Kelly an d’Anne an där neier Folleg.

#67 Haaptsaach eng Gäns? – Penisonsécherheet an aner léisbar Problemer

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#67 Haaptsaach eng Gäns? - Penisonsécherheet an aner léisbar Problemer
Loading
/

Zitt ee mat engem klenge Penis automatesch de Kierzeren? Wéi vill verschidde lëtzebuergesch Wierder gëtt et fir dat Organ, dat an der Chatfënster scho mol a Form vun enger Aubergine opdauche kann? An ass ee mat Erektiounsstéierungen en Eenzelfall? All dës Froen diskutéieren den Elie an de Joël an där neier Folleg vu Méi wéi Sex.

D’Kelly vergläicht an der aktueller Rubrik Kondomer mat Sombreroen a Kleeserchersmutzen. Wann der wësse wëllt, firwat den Ënnerscheed tëscht béidem wichteg ass, da lauschtert eran!Et gëllt wéi ëmmer: Entweder schalt dir de Mëtten um 15h bei Radio ARA an oder dir gutt dono op är Liblings-Podcastplattform souwéi op eisem Site sexpodcast.lu luusse.

#66 Who the f*** is Marcel? – Ënnerwäsch vun der Tennisstrëmp bis zur Spëtzebéckselchen

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#66 Who the f*** is Marcel? – Ënnerwäsch vun der Tennisstrëmp bis zur Spëtzebéckselchen
Loading
/

Firwat huet de Winnie Puuh keng Ënneschtbox un? Gëtt et Ënnerwäsch mat Spëtzt fir Mënsche mat Penis? Sinn Tennisstrëmp an der Kombi mat Birkenstock sexy? A wien ass deen ominéisen de Marcel? De Joël an d’Anne maachen et an der 66. Episod vu Méi wéi Sex gewëssermoosse wéi d’Superheld:innen a ginn der Ënnerwäsch méi Visibilitéit wéi soss. 

#065 E schéint Nospill – Réckbléck op déi zweet Staffel

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#065 E schéint Nospill – Réckbléck op déi zweet Staffel
Loading
/

Mir sinn um Enn vun der zweeter Staffel ukomm an zéie Bilan. Hu mir iwwer méi wéi Sex geschwat? Nieft ärem Feedback schwätze mir doriwwer, wat eis schéinsten a witzegst wéi och schwieregst Momenter waren, wat gefeelt huet a wat fir Themen op iech an der drëtter Staffel duerchkommen.

Wat ass ee Summerfling? An der leschter Rubrik virun der Summerpaus erkläert den Elie wéi een eng schéin Zäit zu 2 verbrénge kann, a wei een sech am beschten uleet vir ee Summer Fling ze fannen. Stay hydrated, kids.

Méi wéi ee season final

Méi wéi een Eddi a Merci


#064 Tattooen

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#064 Tattooen
Loading
/

Firwat huet een Tattooen? Veränneren Tätowéierungen d’Perceptioun vun engem selwer oder wéi een aner Persoune gesäit? An wéi ass et mat der (frëndschaftlecher, romantescher an/oder sexueller) Unzéiung zu Léit wann se (keng) Tattooen hunn? Doriwwer (an nach méi) plauderen d’Kelly an d’Lynn.

An der Rubrik äntwert d’Kelly op eng weider Fro vun Noolauschter*innen:
#followersedition N°4 : “Ass dat normal … keen Orgasmus kennen ze hunn?”