#92 Méi wéi eng Banan an ee Kondom – Sex Education zu Lëtzebuerg
/
Share
Link
Embed
Den 10.07.2020 huet an de Rotondes d’Ofschlossevent vun der zweeter Staffel vum Podcast stattfonnt. Do konnt ee net nëmmen seng perséinlech Définitioun vu Sex mat de Leit deelen, mee och e Froebou zur eegener Sexualerzéiung an der Schoul ausfëllen a souguer en Orgasmus molen.
D’Anne an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer deen Event a ginn en Iwwerbléck iwwer d’Resultater. Och kommen d’Enji, d’Rachel an d’Jessie zu Wuert, déi den Event als Deel vun engem groussen Team matorganiséiert hunn.
Wéi geseit d’Sex Education zu Lëtzebuerg amfong aus, a wat misst sech verbesseren?
Den Elie beschäftegt sech an der Rubrik mat der Fro, wéi een*t e Foussfetesch auslieft.
Hei fënns du Servicer, déi um Thema Sex Education schaffen an Informatiounen: – Planning Familial: http://www.pfl.lu/fr/Formation-et-information-affective-et-sexuelle – Centre LGBTIQ+ Cigale: https://www.cigale.lu/ – Rosa Lëtzebuerg: https://rosaletzebuerg.lu/ – Broschür “let’s talk about sex”: https://sante.public.lu/fr/publications/g/guide-sante-sexuelle-ltas2020-fr-de-en/index.html – Cesas: https://www.cesas.lu/de/
“Non-binary” – en Term, deen ëmmer méi oft an der Gesellschaft opkënnt, ënnert anerem well ëmmer méi ëffentlech Perséinlechkeeten sech sou identifizéieren. Mee wat ass Net-Binaritéit amfong? Wéieen Ëmgang wënsche sech net-binär Mënschen vun der Gesellschaft? A wéi gesinn hir Liewensrealitéiten aus? Doriwwer schwätzen de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An der Rubrik erkläert d’Kelly, wat Binding ass a wéi een*t een Binder richteg benotzt.
Berodungsstellen fir queer Mënschen: Centre LGBTIQ+ Cigale: https://www.cigale.lu/?lang=en Intersex & Transgender Luxembourg a.s.b.l.: http://itgl.lu/
Guide zum Binding: https://translifeline.org/binding-guide/
#90 GefillsGespréicher: Iwwer schwiereg Gefiller an enke Bezéiunge schwätzen
/
Share
Link
Embed
Inhalt vun der Episode 90:
Ängschten, Roserei, Trauregkeet, Enttäuschung, Jalousie oder och eng onbestëmmt Zopp aus ënnerschiddleche Gefiller: Mir hunn se all. De Joël a Kelly diskutéieren doriwwer, wei ee mat Bezéiungspersoune kann iwwer schwiereg Gefiller schwätzen.
Mir froen eis: Wat ass de richtege Moment, fir e Gespréich anzeleeden? Wéi kann ech iwwer meng eege Gefiller nodenken an se uschwätzen? Wei ginn ech gutt domat ëm, wann aner Persounen iwwer schwiereg Gefiller schwätzen? An wat fir Gefiller sinn iwwerhaapt schwiereg? Dat héiert der an dëser Episode.
An der Rubrik schwätzen den Elie iwwer Foussfetischer.
Mir sinn erëm do, an et ass ganz vill nei bei eis: Een neit Joer, eng nei Staffel, eng nei Stëmm! Passend dozou schwätze mir iwwer Neiufäng. Wat heescht et, eng nei Bezéiung, sief se frëndschaftlech, sexuell oder romantesch, anzegoen? De Joël, d’Kelly an d*e Robin diskutéieren doriwwer, schwätzen iwwer déi magesch New Relationship Energy an denken doriwwer no, op een neit Kachbuch een klengen oder groussen Neiufank ass. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Tipps zu Sex mat enger neier Persoun – virum, wärend an nom Sex.
Et ass souwäit. D’Staffelfinal, déi mir live mat Publikum op eisem Event de 26. Juni opgeholl hunn, ass elo online. Et gëtt e Bilan vum vergaangene Joer gezunn, vill gelaacht a bal gekrasch. Mir hätte gär och iwwer d’Zukunft geschwat, mä déi kenne mir leider selwer nach net. Soubal mir méi wëssen, soe mer iech Bescheed. An Tëschenzäit wënsche mir iech vill Spaass mat dëser extended version, an där net just d’Moderatiounsteam ze héieren ass, mä och eis wonnerbaart Michèle. Op senger éischter Illustratioun fir déi drëtt Staffel hu Genitalien dierfen Auto fueren. Lo schéckt d’Michèle si gemeinsam an d’Vakanz. Mir drécken hatt ganz fest a senden och all deenen en virtuellen Hug, déi beim “Ouergasmus Live” dobäi waren, gehollef, gelauschtert a gekickelt hunn. Deenen, déi se noträglech lauschteren natierlech och.