#161: Wéi Therapie mäi Sexliewe verännert huet – Therapie, Bezéiungen a Sexualitéit
/
Share
Link
Embed
An Therapie goe mécht net just eppes mat enger*m selwer, mä och mat der eegener Bezéiung an dem Sexliewen. An dëser Episod schwätzen den Elie an d*e Robin doriwwer, wat fir Verännerungen si bemierkt hunn. Et geet ëm Dreem iwwert den Therapeut, doriwwer datt elleng de Fait an Therapie ze goen net alles direkt besser mécht, a wéi Therapie och een Afloss op d’Zuel vun de Partner*innen kann hunn. Dat alles kréie mir vun zwou Säiten aus erzielt: d*e Robin aus der Siicht vum*vun der Patient*in, den Elie aus der Siicht vum Therapeut.
An der Rubrik erzielt d’Ella eis alles, wat mir Wichteges iwwer Blosenentzündunge wësse mussen.
D’Halschent vun der Populatioun huet en: de Penis. An e groussen Deel vun der Populatioun ass u Penisser sexuell interesséiert. “De Penis” gëtt et dobäi amfong net wierklech – Penisser kommen an alle Gréissten a Formen. Dominant an der Konversatioun ëm Penisser ass dobäi oft d Gréisst vun deem Kierperdeel: d’Meenungen iwwer d’Wichtegkeet vun de Moossen ginn dobäi oft auseneen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, firwat mäer deem Ganzen amfong souvill Bedeitung zoumoossen, wat et mat “dick energies” op sech huet, a wat hir Erfarunge mat Penisgréisst sinn.
An der Episod erklärt den Elie an der Rubrik Aktualitét, wat dee néi entdeckten “Sexom” ass.
#159: Tëscht Wichsvirlag a Musée – sexy Konscht konsuméieren
/
Share
Link
Embed
Ob Aktmolerei, Fanfiction oder Performances – heiansdo hu mir Loscht, sexy Konscht ze konsuméieren. An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwert den Ënnerscheed tëscht Porno a Konscht, iwwert dat sexy Potenzial vu verschidde Medien an erziele vun hiren Erfarungen mat Texter, Biller an anere Konschtformen. Si schwätzen och doriwwer, wéi a wisou mir selwer (sexy) Konscht kënne maache sollten.
An der Rubrik stellt Kelly eng Mindfulnessübung vir.
#158: Let’s talk? – Iwwer meng Bezéiungen a Sex schwätzen
/
Share
Link
Embed
An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly iwwer Schwätzen: Mat wiem schwätzen si (net) gär iwwert hier Bezéiungen a Sex? Firwat schwätzt een iwwer seng Bezéiungen a Sexualitéit, a wei fënnt een eraus, wat een iwwerhaapt erzielen dierf? Soll een sech hei mat senge Bezéiungs/Sex-Persoun(en) eppes ausmaachen? Si schwätzen dann och doriwwer, wéi mir aus der Gossip-Fal zu éierlechen, beräicherende Gespréicher kommen. Dat a méi héiers du elo.
#157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen
/
Share
Link
Embed
Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen prioriséieren, a wourun si déi Décisiounen festmaachen.