#74 Méi wéi Drogen, Sex a Party – Safer Use & Safer Sex (Specialedition)
/
Share
Link
Embed
D’Nuetsliewe bitt dem Mënsch Fräiraim fir am Schutz vun der Däischtert neien Terrain ze exploréieren a sech a seng Ëmwelt nei kennen ze léieren. Ausseralldeeglesch Erfahrunge mat Sex an Droge spillen heibäi dacks eng wichteg Roll a sinn ëmmer mat engem gewësse Risiko verbonnen. Mee wéi kann een wärend dem Feieren iwwerhaapt bewosst Entscheedungen treffen? Wéi huet Corona eist Verhale verännert a wéi kann ech mech sou virbereeden, dass ech eng Balance tëscht dem Rausch a Risiko ka fannen?
Vum 7. bis den 11. Dezember huet de Cesas d’semaine de la santé sexuelle et affective organiséiert. An deem Kader huet de Sexpodcast mat Pipapo zesumme geschafft an unhand vun Ëmfroen, déi bei Instagram gemaach goufen, eng Live-Sendung preparéiert, un där Interesséierter per Zoom deel huelen konnten. Dëst ass also e Matschnëtt vun engem Evenement, dat den 11. Dezember stattfonnt huet.
(Hei fannt dir d’Enquête vun Pipapo, vun där am Gespréich riets ass.)
Proximitéit tëscht Koppelen oder bei Dates war 2020 just ënnert erschwéierte Konditioune méiglech. Mä am digitalen Zäitalter gëtt et jo glécklecherweis nach aner Méiglechkeeten, enger Persoun seng Loscht ze weisen, se mat hir ze deelen an zesummen ze genéissen. D’Kelly an de Joël hunn sech offline doriwwer ënnerhalen, wéi een online Spaass kann hunn ouni dobäi de Schutz ze vergiessen. D’Rubrik hält eng Rees an d’Welt vun de Fetischer bereet.
Wou kann een:t sech zu Lëtzebuerg teste loossen, brauch een:t fir en Auto-Test e Führerschäin a wat wierkt géint Opreegung beim Waarden op d’Resultat? D’Team vu Méi wéi Sex huet sech zesummegesat fir genee dat ze bespriechen. De Elie schwätzt an där neier Rubrik iwwer “Skin hunger”.
#71 De Wee ass d'Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)
/
Share
Link
Embed
„Transitioun“ ass e Wuert dat alles anescht wéi Stëllstand suggeréiert. Wann et am Kontext vun Transgeschlechtlechkeet verwennt gëtt, kënnen d’Verännerungen, déi stattfannen, ganz villfälteg sinn. An zwar net nëmme fir d’trans Persoun selwer, mä och fir hiert Ëmfeld. Wat alles zu dësem extrem individuelle Prozess gehéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, doriwwer schwätzt de Joël mat sengem Gaascht, dem Amsel. An der Rubrik geet et ëm d’Pëll dono. (Dës Folleg ass op Däitsch.)
#70 Hannert dem Réck – Risiken an Niewewierkunge vum Friemgoen
/
Share
Link
Embed
Fänkt Friemgoe schonn am Kapp oder réischt am Bett un? Wat ass den Ënnerscheed tëscht Reegelen an Ofmaachungen? An lauschtert d‘Méi wéi Sex-Team och heiansdo friem? An der Folleg Nr.70 liwweren d’Kelly an den Elie Äntwerten dorobber. An der Rubrik erkläert den Elie, wéi een den eegene Schnurres mat sozialem Engagement verbannen kann.