Wou kann een:t sech zu Lëtzebuerg teste loossen, brauch een:t fir en Auto-Test e Führerschäin a wat wierkt géint Opreegung beim Waarden op d’Resultat? D’Team vu Méi wéi Sex huet sech zesummegesat fir genee dat ze bespriechen. De Elie schwätzt an där neier Rubrik iwwer “Skin hunger”.
#71 De Wee ass d'Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)
/
Share
Link
Embed
„Transitioun“ ass e Wuert dat alles anescht wéi Stëllstand suggeréiert. Wann et am Kontext vun Transgeschlechtlechkeet verwennt gëtt, kënnen d’Verännerungen, déi stattfannen, ganz villfälteg sinn. An zwar net nëmme fir d’trans Persoun selwer, mä och fir hiert Ëmfeld. Wat alles zu dësem extrem individuelle Prozess gehéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, doriwwer schwätzt de Joël mat sengem Gaascht, dem Amsel. An der Rubrik geet et ëm d’Pëll dono. (Dës Folleg ass op Däitsch.)
#70 Hannert dem Réck – Risiken an Niewewierkunge vum Friemgoen
/
Share
Link
Embed
Fänkt Friemgoe schonn am Kapp oder réischt am Bett un? Wat ass den Ënnerscheed tëscht Reegelen an Ofmaachungen? An lauschtert d‘Méi wéi Sex-Team och heiansdo friem? An der Folleg Nr.70 liwweren d’Kelly an den Elie Äntwerten dorobber. An der Rubrik erkläert den Elie, wéi een den eegene Schnurres mat sozialem Engagement verbannen kann.
#69 Den Aha-Effekt – Asexualitéit ënnert der Lupp (Auf Deutsch)
/
Share
Link
Embed
Firwat behëlt den Dr. House sech heiansdo einfach nëmme wéi en Aasch? Hunn Asexueller automatesch weder Sex nach Bezéiungen? An wat huet dës Orientéierung mat Kuch ze dinn? Doriwwer huet d’Anne mam Julia Maria diskutéiert. An der Rubrik geet d’Kelly op den Gender-Begrëff an.
#68 Sexident um Turbo-Rond-Point Klitoris – Éischt-Hëllef-Folleg fir sexuell Noutfäll
/
Share
Link
Embed
Op elo en gerassene Kondom, eng Analfissur oder en Ausschlag am Intimberäich. All dëst si Saachen, déi een definitiv net mat aplangt, mä déi awer mol geschéien kënnen, wann een sech eleng oder mateneen ameséiert. Net ze panikéieren a sech selwer hëllefen ze kënnen, ass wichteg. Awer et ass genee sou legitim, och Professioneller em Rot ze bieden. Wéi een Akzidenter méiglechst vermeiden an wou een am Fall vun de Fäll uruffen kann, doriwwer schwätzen d’Kelly an d’Anne an där neier Folleg.