Spuenesch, Franséisch oder dach Lëtzebuergesch mat Éisleker Accent – wat ass déi sexiest Sprooch? D’Anne an de Joël schwätzen iwwert Schwätze beim, virum an nom Sex. Wéi wichteg ass verbal Kommunikatioun a wéi verännert se sech, wann een*t eng aner Sprooch schwätzt wéi seng Sexualpartner*innen? Ausserdeem Breaking News: Brëscht hunn och en Zyklus – lauschter dozou d’Rubrik!
Den 1. Dezember ass Welt-AIDS-Dag. De Joël schwätzt dofir an dëser Episod mat sengem Gaascht Kim vun der HIV-Berodung iwwert den HI-Virus an d‘AIDS-Erkrankung. Wéi eng Methode ginn et, fir sech ze schützen, a wat huet mat deenen néien Traitementer wéi PEP a PrEP op sech? Si schwätzen awer och doriwwer, wéi et ass, wann een sech teste léisst a wéi d‘HIV-Berodung den HIV-Test aus dem Supermarché gesäit. Donieft ass d‘Homofeindlechkeet, déi nach ëmmer mam Thema HIV verbonnen ass, genee esou een Thema. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert d’US-Amerikanesch Komikserie Big Mouth, déi säit 2017 op Netflix leeft a wou grad déi 3. Staffel erauskomm ass. Et geet an den insgesamt 31 Episoden em de Chaos deen ee “Pubertéit” a sexuell Entwécklung nennt. Mir soen: 9 vun 10 Punkten – absolut kuckenswäert. Hei nach puer Infos: – Leckduch aus engem Kondom bastelen: http://www.queerpgh.com/sex-ed-101-dental-dams/ – Wou a wéi kann ech mech zu Lëtzebuerg teste lossen? : dimps.lu – Geschicht vun der queerer Community an Zesummenhang mat AIDS: https://www.nbcnews.com/feature/nbc-out/lgbtq-history-month-early-days-america-s-aids-crisis-n919701
Stöhnen, quiitschend Better, Flutsche … Sex ass meeschtens net immens lues. De Joël, d’Anne an d’Kelly ënnerhalen sech an dëser Episod zu dräi iwwer all méiglech Geräischer beim Sex. Dës Kéier gëtt et keng Rubrik, mä dowéinst awer 29 Minutte laang een auditiven Dräier zu Audioporn, Faken, Verstäerken an Ënnerdrécke vu Geräischer, déi d’Loscht verstäerken oder verklengeren. En plus kläre mir endlech de Mystère, wat et mat Risotto a Sex op sech huet.
An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwer “Petting”. Wat heescht dat? Ass dat scho Sex? oder ass dat einfach en anert Wuert fir Virspill? An zum Schluss an der Rubrik en „How to: Wat well ech?”, wou d’Kelly Iech Tipps gëtt wéi een zesummen oder eleng seng Virléiften an seng Grenzen erausfannen kann. Dozou och hei ee klenge Link: http://queertopia.blogsport.de/images/JaNeinVielleichtListe.pdf
An da zweeter Folleg vun der 2ter Staffel diskutéiere Kelly an Anne iwwert wéi, firwat a wou Sex op ëffentleche Plazen interessant, spannend a munchmol awer och komesch oder komplizéiert ka sinn. An wei gewinnt gëtt et zum Schluss eng Rubrik. Hei erzielt eis den Elie alles wat een iwwert dat speziellt Organ “Prostate” wësse soll.