#026 Jongfralechkeet

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#026 Jongfralechkeet
Loading
/

Wouduerch verléiert ee seng Jongfralechkeet? Ass dat iwwerhaapt wichteg a wat huet d’Jungfernhäutchen domat ze dinn? D’Kelly an d’Tessie hunn doriwwer diskutéiert. An der Rubrik geet et ëm d’Sexualpraktik “Fingering”.

#025 Sexuell Belästegung

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#025 Sexuell Belästegung
Loading
/

Wann et drëm geet, sexuell Belästegung ze bekämpfen, läit d’Verantwortung haaptsächlech bei den Täter. Mä wat mécht een, wann ee sou enger Situatioun ausgesat ass? Wéi kann ee sech schützen? A wéi kann een aneren hëllefen? D’Anne an d’Tessie stellen e puer Methode fir.

An der Rubrik ass d’Enrica vum Cigale bei Kelly am Studio, fir iwwer seng Aarbescht ze schwätzen.

#024 Hetero, aromantesch, queer?

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#024 Hetero, aromantesch, queer?
Loading
/

Wouhier wees ech, wéieng sexuell Orientéirung ech hunn a wéi ech se bezeechne soll? Ass et ok, sech kee Label wëllen ze ginn, also net ze soen, dass een hetero, schwul, bi, asexuell oder wat och ëmmer ass? D’Kelly an d’Tessie soen hier Meenung dozou ass.
An der Rubrik geet et em Fellatio, och nach bekannt als: Blosen.

#023 Gesiichtshoer

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#023 Gesiichtshoer
Loading
/

Hoer um Kënn, op de Baken, um Hals oder iwwer der Lëps… Déi eng hunn et méi, déi aner manner gär, wann aner Leit vun deenen Hoer wëssen. D’Anne an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen. An der Rubrik mam Kelly geet et ëm Cunnilingus, och nach bekannt als: Lecken.

#022 Verléift

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#022 Verléift
Loading
/

D’Kelly an säi Gaascht d’Ada schwätzen doriwwer, wéi ee mierkt, dass ee verléift ass, iwwer ongewollt Verléiftheet an d’Ënnerscheeder tëscht verléift sinn, verknallt sinn an ee gär hunn. An der Rubrik geet et ëm d’Fro: Brauch een e grousse Penis fir gudde Sex ze hunn?