#043 Staffel 2. Neit Team, Nei Stëmmen!

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#043 Staffel 2. Neit Team, Nei Stëmmen!
Loading
/

Wëllkomm an der 2ter Staffel vun „Méi wéi Sex“! Dat neit Team stellt sech vir: Kelly, Joël, Anne, Mirka, Elie, Mateiu. Ween mécht wat, wat sinn hier Virléiften a wat gëtt et wärend der 2ter Staffel alles ze héieren? Dat gitt dir an dëser éischter Episod gewuer. An zum Schluss gëtt et eng „How To“ – Rubrik iwwert „Gruppesex“! Lauschtert eran!

#042 Réckbléck op déi éischt Staffel

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#042 Réckbléck op déi éischt Staffel
Loading
/

D’Kelly an d’Tessie kucken zeréck op déi éischt Staffel, ginn op Feedback an, schwätzen iwwer hier Liiblingsfolgen, wéi eng Themen nach net dru komme sinn a kucken an d’Zukunft.

#041 Pubertéit

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#041 Pubertéit
Loading
/

D’Kelly a säi Gaascht d’Ruth schwätzen iwwer Pickelen, cool sinn, déi éischt Masturbatiounserfahrungen, Geschlechtsufuerderungen an nach vill méi.

#040 Musek beim Sex

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#040 Musek beim Sex
Loading
/

An dëser Folleg dréit sech alles ëm Musek: Musek beim Sex, beim Masturbéieren an an der Bezéiung. D’Tessie an de Joël schwätzen iwwer schéin wéi och manner schéin Erfahrungen.

#039 Intim-Hygiène

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#039 Intim-Hygiène
Loading
/

Wat gehéiert alles zu Intim-Hygiène? Ass et schlëmm, wann een de Genitalgeroch vu sengem Partner oder senger Partnerin net gär huet? D’Kelly huet mat eisem Gaascht dem Ruth iwwert eegen Erfahrunge, Intimseefen, Oralsex, Sextoys an nach vill méi geschwat.