#036 Dirty Sex

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#036 Dirty Sex
Loading
/

Wa Leit vu sech behaapten, knaschtege Sex ze hunn, wat menge se domat? Séieren, onperséinlechen Sex? Ongewéinlech Stellungen? Rollespiller? Dirty Talk? Wat ass den Ennerscheed zu sougenanntem “Blümchensex”? D’Kelly an d’Tessie hu probéiert et rauszefannen.

#035 Self-Care

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#035 Self-Care
Loading
/

Fir säin Alldag kierperlech a psychesch gutt ze iwwerstoen, ass et wichteg, Self-Care ze maachen. Mä wat ass dat iwwerhaapt a muss een dofir ëmmer Suen ausginn? D’Kelly an d’Tessie hunn iwwer hier Erfahrunge geschwat. An der uschléissender Rubrik dréit sech alles ëm déi éischte Kéier.

#034 Bisexualitéit

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#034 Bisexualitéit
Loading
/

Vun alle sexuellen Orientéirungen ass Bisexualitéit wahrscheinlech déi, déi am heefegste vergiess oder mëssverstane gëtt. D’Tessie huet mat sengem Gaascht, dem Joël, iwwer Virurdeeler an de Mangel u bisxueller Personnagen geschwat.

An der Rubrik dréit sech alles ëm sexuell iwwerdrobar Krankheeten a wéi een et vermeide kann, sech oder anerer unzestiechen.

#033 Grenzen zéien

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#033 Grenzen zéien
Loading
/

Egal ob a Frëndschaften, an der Famill an enger Bezéiung, beim Sex oder mat Friemen – d’Grenzzéiunge vun anere respektéieren ass ëmmer wichtg. D’Kelly an d’Tessie hunn doriwwer geschwat, wéieng Zorte vu Grenzen et ginn, wourun ee se erkennt a wéi ee se kommunizéiere kann.

 D’Aarbechtsbuch fir beim Grenzesetzen ze hëllefen:
Les Migras (2018)

#032 Frëndschaft no Trennung

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#032 Frëndschaft no Trennung
Loading
/

Ass et eng gutt Idee, vun enger Bezéiung op eng Frëndschaft iwwerzegoen? Wat ass, wann déi eng Persoun dat wëll an déi aner net? A wéieng Schwieregkeete kënnen dobäikommen, wann d’Ex-Persoun eng nei Bezéiung huet? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.