Intro: Come as you are!
Rubriken
 
Moien! Schéin, dass du bass 🙂
D‘Emily Nagoski huet esou vill wonnerbar Arabescht gemaach, dat ech hat bal an all Episode direkt oder indirekt zitéieren. Säin Buch “Burnout” (geschriwwen zesummen mat senger Schwester Amelia Nagoski) huet main Bléck op wéi ech mat Gefiller a Stress ëmgi fir ëmmer verännert (in a very good way). An säin wonnerbart Buch “Come as you are” ass quasi e Standard(meechterinnen)wierk vun der moderne Sexualwëssenschaft! Vill Ressourcë bezéien sech op dem Emily seng Arabescht. Mee keng Angscht – et ass kee langweilegt oder dreschent Buch, hear for yourself!
En hunn aus all Kapitel vun “Come as you are” dat, wat ech interessant fonnt hu fir dech zesummegefaasst (plus heiansdo eng Bonus Rubrik). Quasi en Audio-Guide zum Buch (oder amplatz vum Buch). Du kanns dRubriken noenee lauschteren oder duercherneen.
Mei vum Emily fënns du ënner:
– Substack: Confidence and Joy by Emily Nagoski
– Podcast: Come As You Are
– Bonus: “Come as you are” Worksheets
Vill Spaass,
Kelly
Kapitel 1: Wat ass Homologie?
Rubriken
 
Sinn Penissen a Vulven ähnlesch?! An firwat ass et wichteg, doriwwer ze schwätzen? Des héiert der an der Rubrik zu biologesch Homologie!
Quellen: “Come as you are” vum Emily Nagoski (Kapitel 1)
Kapitel 2: Dual Control System
Rubriken
 
Dual Control System? Klengt technesch, mee ass et net!
Bei Ereegung kennen Saachen, bei eis op de Gas oder op d’Bremse trëppelen. 🚗
Zum Beispill: Du hues Loscht op Sex, mee kanns dech net gutt drop aloossen oder ofschalten? Du empfënns Pleséier, mee kanns mat enger aner Persoun nëmmen schwéier en Orgasmus hunn? Oder du brauchs laang fir ugetörnt ze sinn?
Dat kéint mat denge Bremsen a Accelerateuren ze dinn hunn.
Quellen
– “Come as You Are” vum Emily Nagoski (Kapitel 2)
– kuerz Zesummefaassung vum Hannah Witton: https://www.youtube.com/shorts/OqUS5j6MZqg
– Video zu Erregung vum Hannah Witton: https://www.youtube.com/watch?v=PP8mnQ2tln8
Kapitel 3: Stress & Sex in Context
Rubriken
 
Stress killt Loscht op Sex a Pleséier beim Sex. Mee firwat? An wat kanns du maachen? An wat huet dat alles mat Kontext ze dinn?
Quellen
– “Come as you are” vum Emily Nagoski (Kapitel 3 & 4)
Kapitel 4: Complete your Stress Cycle
Rubriken
 
Mat deem wat ee stresst ëmzegoen (z.B. Arabescht fir eng Deadline oder e schwieregt Gespréich) ass net dat selwecht wei mam Stress selwer ëmzegoen.
„Just because you dealt with the stressor doesn‘t mean you dealt with the stress itself.“ (Emily & Amelia Nagoski am Buch „Burnout“, S.25)
Stress ass en Zyklus – an dee muss een „komplettéieren“. Sos stauen sech déi Zyklen an engem op – an et spiert een se weiderhi kierperlech an emotional.
Ways to « complete the stress cycle »
– Beweegung! Beispiller: Sport, danzen, Vëlo fueren, Muskelen 20 Sekonnen uspanen an dann ausrëselen.
– Ootmen. Virun allem Bauchootmung a mei laang ausootmen wei anootmen. Übung: 5 anootmen, 5 halen, 10 ausootmen, 5 anhalen, etc.).
– Laachen.
– Kréichen → oppassen de richtege Moment ze fannen fir rëm opzehalen.
– Kreativ sinn. Beispiller: molen, zeechnen, bastelen, schreiwen, Musik maachen oder lauschteren, sangen.
– Sech em de Kierper këmmeren. Beispill: bueden, duschen, Neel fierwen, acrèmen.
– Meditéieren → Gefiller fillen, mat hinne sinn an se goen ze loossen.
– Zouneigung (emotional an kierperlech): 20 Sekonnen ëmaarmen, 6 Sekonnen kussen.