Eng gutt Fro: Wat ass Performance anxiety?

Eng gutt Fro: Wat ass Performance anxiety?
Rubriken

 
 
00:00 / 4:58
 
1X
 

D’Angscht, bei sexuellem Kontakt net dat leeschten ze kënnen, wat een:t vu sech selwer erwaart, kann sech a ganz ville Formen presentéieren. Dës Angscht ass awer an deem Sënn “heelbar”, dass et fir vill Probleemer och vill Léisunge ka ginn. Wéi eng dat kënne sinn, erkläert den Elie an dëser Rubrik.

Eng gutt Fro: Wat ass Nudismus?

Eng gutt Fro: Wat ass Nudismus?
Rubriken

 
 
00:00 / 3:15
 
1X
 

An der Rubrik geet et em Plakeg-Sinn. Den Elie freet sech, wat Nudismus ass, wat et heescht nackeg ze sinn a firwat d’ Mënschheet e bemol ugefaangen huet, sech unzedoen. Wousst du dass et eng Nudiste Plage zu Lëtzebuerg gëtt? Ass plakeg sinn eppes Sexuelles? An déi wuel wichtegst Fro vun allen: Lauschters du de Podcast plakeg oder ugedoen? 

How to: Kondomer

How to: Kondomer
Rubriken

 
 
00:00 / 5:04
 
1X
 

An dëser Rubrik geet et ëm Kondomer. Och wann dës zu den bekanntsten Verhiddungsmëttelen iwwerhaapt gehéieren, gëtt et awer nach ëmmer kleng Wëssenslücken, déi een fëllen sollt, fir sech besser schützen ze kënnen. Heibäi hëlleft iech d´Kelly, dat Gummien ënner anerem mat Sombreroen a Kleeserchersmutzen vergläicht. Wann der wësse wëllt, firwat den Ënnerscheed tëscht béidem wichteg ass, da lauschtert eran!

How to: Summerfling

How to: Summerfling
Rubriken

 
 
00:00 /
 
1X
 

Wat ass ee Summerfling? An der leschter Rubrik virun der Summerpaus erkläert den Elie wéi een eng schéin Zäit zu 2 verbrénge kann, a wei een sech am beschten uleet vir ee Summer Fling ze fannen, en ze genéissen, a Schluss ze maachen. Stay hydrated, kids.

An e schéine Summer 2020 iech all.

How to: Konstruktiv Kommunikatioun

How to: Konstruktiv Kommunikatioun
Rubriken

 
 
00:00 /
 
1X
 

Hal deng Maul du Idiot!
Dëst ass ee gutt Beispill, wéi een net konstruktiv kommunizéiert.
Wat kenne mer maachen, an wourop musse mer oppassen, vir dass d’Kommunikatioun konstruktiv bleift, dat heescht, vir dass eis Informatioun, eise Message gehéiert an opgeholl gëtt, ouni dass et zu engem Konflikt kennt?