D’Window of Tolerance ass e Konzept, wat mäer als Méi Wéi Sex Team an eisen Episoden ëmmer mol rëm opbrengen. Mee wat ass déi Toleranzfënster amfong? Robin erklärt d’Konzept an dëser Rubrik.

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper
D’Window of Tolerance ass e Konzept, wat mäer als Méi Wéi Sex Team an eisen Episoden ëmmer mol rëm opbrengen. Mee wat ass déi Toleranzfënster amfong? Robin erklärt d’Konzept an dëser Rubrik.
50-70% vun de Persounen déi ADHS hunn, hunn och Autismus, an ëmgedréint.
Shownotes: https://www.instagram.com/p/DMqBcSrIlHZ/?igsh=MXA4OWZnd2F3cXhrbQ==&img_index=7
Leider ginn ëmmer erëm Koppelen an Therapie, wann et schonn ze spéit ass. Wat ee méi laang waart, wat de Gruef méi grouss gëtt, a wat et méi schwéier ass iwwer Verletzunge wech ze kommen a Saachen ze reparéieren.
Vill besser ass et méi fréi professionell Hëllef opzesichen.
Ee Butt-Plug ass ee sex toy, eng sexuell Spillsaach, déi een anal aféiert, an déi zum sexuelle Pleséier bäidroe soll.
Et ginn der a verschiddene Forme, Materialie, an d’Haaptfunktioun ass, dass se vir eng Zäit am Anus bleiwe, dass een se dréit, ei een se da rëm raus hellt. Dëst ass am Verglach mat engem Dildo, oder engem Penis, déi ee ran a raus beweegt. Vir dass de Plug gutt setzt, an net ze wäit rop rutscht, huet dësen normalerweis eng base, also eng Plattform, déi méi breet ass, a mëscht, dass en sech net beweegt.
Wann dir an der Lescht e bëssi op LGBTIQ+ Neiegkeete geuecht hutt, dann hutt dir warscheinlech vill Bretzen iwwer Lëtzebuerg seng Ranguerdnung op der ILGA Rainbow Map gesinn. D’Rainbow Map ass e Ranking vun 49 europäesche Länner. Heibäi gëtt gekuckt, wéi gutt d’Gesetzer an d’Politik an an deene verschiddene Natiounen, d’Mënscherechter vu queere Leit beschützen a fërderen. Lëtzebuerg krut dëst Joer déi 10 Plaz. Mee ass dat Grond fir ze feieren? Dës a méi Froe beäntwert Ella an dëser Rubrik.
D’Rainbow Map fann dir hei
D’Annual Review fann dir hei
Quellen:
Intergeschlechtliche Kinder: Rechtfertigung statt Fortschritt -Melanie Czarnik, woxx
Rainbow Index 2026: Luxemburg bleibt auf Platz 10 – Rosa Lëtzebuerg