Poppers kommen a klenge gliesene Fläsche mat faarwege Logoen drop.

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper
Poppers kommen a klenge gliesene Fläsche mat faarwege Logoen drop.
An dëser Rubrik kläert Kelly Froen wei: Wien schwätzt mat Jugendlechen iwwer Sex? Wourop bauen Gespréicher mat Jugendlecher iwwer Sex op? Wei an wéini sollt ech mat Jonken schwätzen? A wat kann dobäi hëllefen?
Links
– Planning Familial: http://www.pfl.lu/
– CESAS: https://www.cesas.lu/
– CIGALE: https://www.cigale.lu/
Inspiratioun fir dës Rubrik waren:
– https://www.facebook.com/givingthetalk/posts/pfbid02i3KoysxG1tVZEJZTJw7qJUCF9nfhdx7fKhhtsrXBUUPup7aUHoFcX5tEzxAWiR7ml
– https://www.facebook.com/givingthetalk/posts/pfbid0w126jJLHFmyQLwQSN7YpZtRCxQJWTuE3WDmi9qz6KpSGN6mCr4mRTCQ2wm7nQXyEl
An dëser Rubrik schwätzt Kelly iwwer Life-Hacks an Selfcare-Strategien, wéi een am beschten mat de “Niewewierkungen” vu Menstruatioun liewe kann.
Et geet em Toilettëpabeiersbinden, Do’s an Dont’s géint Péng, Tipps fir Bluttflecken erauszewäschen, den Selfcare Toolkit, an nach vill méi! 🙂
Quellen
– “Livia” Gerät géint Péng: https://mylivia.com/de/
– Informatiounen zum Langzyklus z.B. hei: https://www.periodenfrei.info/
Vläit hues du scho mäi klenge Reader’s Digest vum Buch “Come As You Are” gelauschtert? Elo geet et wéider mam “Nofollgebuch”: Come Together.
Am Buch “Come Together” geet et dodrëms, wéi Koppelen, déi scho méi laang zesumme sinn, kennen e glécklecht Sexliewe matenee feieren. Direkt am Intro schreift d’Emily Nagoski dat vill Léit denken, dat hei d‘Frequenz vum Sex oder néi Erfarungen an Aventuren de Schlëssel fir e laangfristeg flott Sexliewe sinn… D’Wëssenschaft seet allerdéngs eppes ganz anescht. Wei oft ee Sex huet seet, zum Beispill, näischt driwwer aus, wéi zefridden ee mat sengem Sexliewen ass. Au contraire: wéineg Léit hunn an hire längerfristege sexuelle Partnerschaften oft Sex, well mir hunn nämlech all vill ze dinn.
D’Emily Nagoski faasst allerdéngs 3 Charakteristiken zesummen, déi ausschlaggebend si fir Partnerschaften, déi eng staark sexuell Verbindung iwwert d’Zäit oprecht halen:
1. Si si befrënnt, dat heescht: si vertrauen sech a bewonneren eneen.
2. Si prioriséiert Sex, dat heescht: si decidéieren zesummen, dat et hinnen an hirer Bezéiung wichteg ass
3. Amplaz Meenunge vun anerer doriwwer ze akzeptéieren, wéi ee Sex “sollt” hunn, leeën se Wäert drop, wat fir si wouer ass a bei zu hirer Bezéiung passt.
Du bass virwëtzeg, wat dat konkret heescht a weis du dat an denge Bezéiunge kanns ëmsetzen? Dann lauschter an déi kommend Rubriken eran.
Quelle: “Come Together” vum Emily Nagoski